logo

Gebuertsdag an der Schoul feieren

De Gebuertsdag vum Kand an der Schoul feieren? Kee Probleem!

Informéiert w.e.g. d'Léierpersonal e puer Deeg am viraus, esou dass déi néideg Zäit ka mat ageplangt ginn.

An der Schoul hunn d'Schüler e Becher an en Teller. Niewent dem Lavabo hänken an all Klass Serveiten aus Pabéier. Dir braucht also naischt virzegesinn.

Gidd äerem Kand w.e.g. kee Messer, Briquet oder Fixspéin mat. All dës Saachen sinn an der Schoul an hunn am Rucksaak vum Schüler näischt ze sichen.

Wat gëtt gebraucht?

Wat ass schonn an der Schoul?

Wat soll doheem bleiwen?