|
Schoul Useldeng
D’Grondschoul fir alleguer d’Zyklen ass am Haaptuert vun der Gemeng, zu Useldeng. D'Schoul läit an der Natur, um Rand vun engem Duerf dat räich u Geschicht, Kultur a Patrimoine ass.
D’Gemeng huet ronn 2000 Awunner a besteet aus 4 Uertschaften :
- Useldeng
- Schandel
- Rippweiler
- Iewerleng.
|
Ee villsäitege Site zënter 2003
- D’Schoul Useldeng mat funktionnelle Klassesäll, engem Bastelsall/Bibliothéik, an enger Konferenz, empfänkt ronn 210 Schüler, opgedeelt op 4 Zyklen a 15 Klassen.
|
|
- D’Maison Relais betreit d’Kanner nieft de Schoulzäiten a bitt hinne villsäiteg Aktivitéiten un.
- D’Kantin, wou d’Kanner an der Mëttesstonn ofwiesslungsräich a gesond Moolzechten zerwéiert kréien.
- Déi 3-fach Sportshal, equipéiert mat verschiddenstem Material fir all Alter a Besoin, erméiglecht flott Turnstonnen.
|
|
- Den naturfrëndlechen a kannergerechte Schoulhaff mat den Hecken an Attraktiounen, an de Fussballterrain wou d’Kanner sech op kreativ a spilleresch Aart a Weis an de Pause kënnen austoben. De Schoulhaff gouf 2013 an Zesummenaarbecht mat den Elteren an der Gemeng ënnert der Leedung vun "Holunderschule" frësch amenagéiert.
|
|
D'Schoul Useldeng erlaabt et d'Kand an de Mëttelpunkt ze setzen, a seng individuell pedagogesch Besoin'en ze respektéieren.
D'Equipe pédagogique beméit sech an alle Beräicher present, aktiv a flexibel ze sinn an op d'Besoine vu jidderengem anzegoen. Dem Personal läit vill dorun, fir all Schüler op eng tolerant Aart a Weis, déi duerch Deelen an Zesummenhalt gekennzeechent ass, autonom a responsabel ze erzéien an den Opbau vu Wëssen a Kompetenzen ze garantéieren.
D'Schoul Useldeng gehéiert zur Regioun 13 an ënnersteet dem Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse an der Gemeng Useldeng.
|
|
|
|