logo

Zesumme fir e proppere Schoulhaff

Déi ganz Schoul bedeelegt sech zykleiwwergraïfend um Schoulprojet "Zesumme fir e proppere Schoulhaff".

All Woch ass et un enger anerer Klass fir an de Pausen deen Dreck opzerafen deen de Wee an d'Poubelle net fonnt huet. Duerch de Botzplang kënnt all Schüler(in) am Laf vum Schouljoer maximal 2-4 mol drun fir beim Projet matzemaachen. D'Kanner aus der jeeweileger Klass ginn op déi 8 Pause vun där Woch opgedeelt a sammele mat Händschen, Pincen an Tuten den Dreck an. Zum Schluss vun all Paus ginn d'Tuten an d'Poubelle getippt. Esou kënnen d'Tuten ëmmer rëm benotzt ginn.