logo

Verpackung Pausenbrot

Net just dat gesond Iessen während der Paus ass wichteg, mee och wéi et agepaakt ass.

Fir Offall ze vermeiden an eis Ëmwelt ze schounen bidde mir Iech hei e puer einfach Tipps déi Dir ouni groussen Opwand am Alldag ëmsetze kënnt an déi mat der Zäit och nach méi bëlleg ginn.

  • Evitéiert Plastikfolien, Aluminiumfolien an all aner Material wat nëmmen eemoleg benotzt gëtt. Besser si Schmierekëschten aus engem Material wat fir Liewensmëttel geduecht ass.
  • D'Gemeng Useldeng huet gratis Wasserspender zur Verfügung gestallt. Evitéiert w.e.g. Gedrénks aus Plastikfläschen.

D'Gemeng Useldeng huet all Schüler an Enseignant eng Drénkfläsch aus Metall geschenkt. Dës Fläsch kann ëmmer nees benotzt an opgefëllt ginn. Ënnert folgendem Link fann Dir Informatiounen wéi Dir Äer Drénkfläsch richteg botze kënnt.

Mir recommandéieren:

Versicht w.e.g. folgend Saachen ze vermeiden: