logo

Beieprojet

Zënter dem Fréijoer 2017 huet d'Schoul Useldeng e Beievollek.
 
Dëst Vollek befënnt sech an enger sougenannter Hobosphere, enger Beiekugel. An der Hobosphere bauen d‘Beie wëll Waben an hëlze  Rähmercher.
 
Bei dësem Projet, den ënnert der Leedung vum Snj Huelmes opgebaut ginn ass, weise verschidde Léierinnen, Personal aus der Maison Relais, vun der Sicona a Gemengenaarbechter, de Kanner wéi de Liewensraum an d’Aarbecht vun de Beien ass a funktionnéiert.
 
Dank der generéiser finanzieller Ënnerstëtzung vun der APECU, der Natur an Ëmwelt an der Gemeng Useldeng konnte mir dat néidegt Equipement, fir eise Beieprojet no an no opzebauen a weider ze entwéckelen, uschafen.
spacer