SchoultransportD'Organisatioun an d'Responsabilitéit vum Schoultransport a vum Parking virum Schoulgebai ënnerlaien der Gemeng Useldeng.
Bei Froën kënnt Dir Iech gäeren un d'Gemeng wenden.
|
Disziplin um Parking
Un d'Elteren déi hiert Kanner trotz Schoultransport mam Auto bréngen:
Haalt w.e.g. net matzen am Wee stall mee fuert entweeder duerch de Kiss&Go, oder stellt ären Auto op enger agezeechenter Parkplaz of.
Haalt Iech w.e.g. un d'Vitesslimitatiounen um Parking. Kuckt datt Är Kanner viru 7h50 resp. 14 Auer am Schoulhaff sinn. Villmools Merci.
|
|
Disziplin am Bus
Fir d'Sécherheet am Bus garantéieren ze kënnen, mussen d'Kanner folgend Reegelen anhalen:
- De Bus ass mat Sécherheetsgurten equipéiert. D'Sécherheetsgurte musse benotzt ginn.
- Soulaang wéi de Bus fiert, mussen d'Kanner op hirer Plaz sëtze bleiwen.
- D'Schoulsäck ginn ënnert de Sëtzer verstaut. T'ass verbuede fir sech mam Schoulsak um Réck ze setzen.
- D'Kanner klamme lues an een nom aneren an de Bus eran.
- Am Bus schwätze mir roueg mateneen.
- D'Kanner follegen dem Buschauffer.
- D'Kanner halen de Bus propper. Et gëtt net am Bus giess oder gedronk.
Falls d'Kanner sech net un dës Reegelen halen, kënnen si vun der Gemeng e Verbuet fir de Schoulbus vu minimum 1 Woch ausgeschwat kréien. Dës Decisioun kréien d'Eltere schrëftlech vun der Gemeng matgedeelt.
|
|
BusplangHei kënnt dir iech den aktuelle Busplang ukukken. 
|
SurveillanceMir weisen drop hin datt d'Surveillance am Schoulhaff um 7h35 resp. 13h45 ufänkt. Déi Elteren, déi hir Kanner méi fréi an d'Schoul wëlle bréngen, si gebieden, d'Servicer vun der Maison Relais an Usproch ze huelen.
|