Schoulkomitee
De Schoulcomité huet folgend Aufgaben :
- eng Propositioun fir d’Schoulorganisatioun ausschaffen
- e PDS ausschaffen an u senger Bewäertung matschaffen
- eng Propositioun fir de Gemengebudget, wat d’Schoul ubelaangt, ausschaffen
- eng Stellungnam huelen zu all Problemer, wat d’Schoul ugeet
- kucken, wat d’Schoul u Besoine fir d’Weiderbildung vun den Enseignanten huet
- d’didaktescht an d’informatescht Material vun der Schoul verwalten
- beroden, ob déi verschidden didaktesch Materialien, déi an de Klassen agesat ginn, dem Schoulgesetz entspriechen
- d’Stonnepläng vun den eenzele Klasse virbereeden
- verschidden Aktivitéiten, déi am Laf vum Joer an der Schoul stattfannen, plangen.
|
De President vum Schoulcomité huet folgend Attributiounen :
- d’Aarbechte vum Comité a vun den eenzele pedagogeschen Equippe virbereeden a begleeden
- kucken, datt d’Schoul am Ganze gutt funktionéiert, dat zesumme mat der Direktioun
- d’Verbindung mat alle Responsabelen, déi an iergendenger Aart a Weis mam Schoulfunktionnement ze dinn hunn, oprechterhalen : Gemengenautoritéiten, Elteren an Elterevertrieder, Maison Relais, déi verschidde Servicer vun Hëllefen, déi ugebuede ginn
- nei Schüler empfänken an hir Integratioun an hir nei Klass begleeden
- all d’Donnéeë vun de Klasse geréieren
- den Elteren eng Dispens fir hir Kanner schreiwen, wann déi méi laang ass wéi een Dag. Allerdéngs kann sou eng Dispens just an Ausnamefäll accordéiert ginn.
|
 Carole BARTHELEMY Membre du comité d'école
|
 Marilyn ERDEL Membre du comité d'école
|
 Gilles GROBEN Président du comité d'école
|
|
 Nadine SCHUMMER Membre du comité d'école
|
 Laura WEIS Membre du comité d'école
|
|
Dir wëllt de Schoulcomité kontaktéieren?
|
|
|