logo
Schoul Eilereng

KR Kreativatlier Léierspiller

25. November 2019

Des Kéier stoung Geometrie um Programm. Bei deem enge Spill hunn d'Kanner d'Symmetrie mat engem Spigel erfuerscht. Op enger Kaart sinn zwou oder dräi Fläche gemoolt (Dräieck, Quadrat oder Parallelogramm), oder Récksäit ass eng geometresch Form. Zil ass et, dës Form als Symmetrie nozebauen. Dat heescht een Deel vun der Form läit virum Spigel an déi aner spigelt sech eben doran.

Bei engem anere Spill mussen d'Kanner mat Holzwürfelen eng bestëmmte Form, déi op enger Kaart ofgebild ass, nobauen. Jidfereen dierf nëmmen ee Würfel réckelen. Bréngt een et esou net fäerdeg, d'Form nozebauen, ass et um Nächsten. Ass d'Form richteg, gëtt déi nächst Kaart geholl.

Bei deem leschten Geometrie-Spill geet et vill ëm raimlech Wahrnehmung, well d'Kanner kréie véier Kärtercher, wéi hieren Opbau aus deene véier Himmelsrichtunge muss ausgesinn. Si mussen dann d'Quader esou um Spillfeld plazéieren, dass et aus all Richtung gutt ass. Dat ass guer net einfach, well si sech genee iwwerleeë mussen, a wéi eng Richtung se réckelen dierfen, ouni dass et aus der anerer Richtung falsch gëtt.

Nierft deenen dräi Geometrie-Spille hu mer och nach e Spill fir d'Rechnen an d'Erfaasse vu Mengen ze fërdere gespillt. 

Schoul Suessem

Eng Kannerkette fir den 30te Joresdag vun der UN-Kannerrechtskonventioun

20. November 2019

Och d'Kanner hu Rechter. Dat hu viru genee 30 Joer déi meeschte Länner vun de Vereente Natiounen ënnerschriwwen, an domadder versprach si géingen d'Kanner beschützen an oppassen, datt se alles hu wat se fir ee gutt Kannerliewe brauchen. 

21 Biller alles uweisen
21 Biller alles uweisen

Fir deem Dag haut ze gedenken, hunn alleguerten d'Kanner aus eiser Schoul, kleng a grouss, sech de Mëtte niewentenee laanscht d'Strooss gestallt, mat bloem Gezei an enger bloer Guirlande, a mir hunn de Leit an hiren Autoe gewonk an op eis opmierksam gemeet. Dat war ganz flott. Hei e puer Fotoe vun eiser klenger Gedenkaktioun.

Klass RINGS/IHRY (C4.1) - Schoul Suessem

Mir waren de Mueren um Radio 100,7

20. November 2019

http://www.100komma7/podcast/277508

De Jean-Claude Majerus vum Radio 100,7 ass e Méinde bei eis an d'Klass komm an huet eis gefrot wat mer vun de Kannerrechter wëssen. Haut ass jo den 30. Gebuertsdag vun der UN-Kannerrechtskonventioun. Lauschtert mol eran. Mat derbäi waren d'Schüler vun der Madame Tania Schneider.

Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

KR Kreativatelier Léierspiller

19. November 2019

Den 18. November hu mer am Atelier Säz gefëscht. Mat enger Aangel mat engem magnéitsche "Kreepchen" huet all Kand ee Sujet, e Verb an en Sazobjet gefëscht. Duerno hu mer d'Säz zesummegebaut a gelies. Dobäi ass natierlech vill de Sazbau geübt ginn, mee awer och d'Conjugaisoun vun de Verben, well d'Sujet'en ënnerschiddlech waren. Duerno hu mer d'Quatschsäz (verschidden Objet'e hu net bei d'Verb gepasst) verbessert. An engem zweeten Tour hun d'Kanner nach missen e passend Adjektiv fir bei hiren Objet fannen an am drëtten Tour eent fir de Sujet méi genee ze beschreiwen.

Virwat net einfach d'Käertercher huelen? Et ginn Studien, déi weisen, dass Kanner Saachen, déi se mat Beweegung léieren, besser verhalen (d'Gehier ass dobäi méi aktivéiert). Bei dëser Übung gëtt och ganz geziilt d'Réckemuskulatur trainéiert, well haut vill Kanner eng schwaach Réckemuskulatur hunn, wat Problemer mat der Haltung mat sech ka bréngen.

Ouni Biller:

Am Atelier hu mer och nach TickTackBumm gespillt. Dobäi mussen d'Kanner Wieder mat engem bestëmmten Buchstaw oder Buchstawegrupp sichen. 

Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Geometrie

11. November 2019

An verschiedenen Stationen lernen die Schüler die unterschiedlichen geometrischen Körper kennen. Sie müssen sie beschreiben, analysieren, erbauen, zählen... Anhand von konkretem Material beGreifen sie die Körper.

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
SCHOULFESTER 2023

BIELES-POST : MËTTWOCH 12. Juli 2023

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen op de Websiten
27.6.2025
Schoul Eilereng
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
21.3.2025
Cycle 3 (C3)
26.1.2025
Cycle 2 (C2)
spacer