logo
Klass: Blog

Meng Klass - Blog

Scheckiwwerreeschung fir de « Plooschterprojet »

7. Januar 2025

Ein großer Erfolg für den guten Zweck: Bei ihrem Schulfest sammelte die Suessemer Schoul & Friends stolze 4000 Euro zugunsten des Plooschter Projet. Die feierliche Scheckübergabe fand vor dem alten Schulgebäude in Sanem im Beisein aller Schüler,  sowie des Lehrpersonals statt, und brachte große Freude bei allen Beteiligten.

Das Plooschter Projet ist eine Initiative zur Sensibilisierung für Stammzellenspender, z.B. unter dem Motto „Gitt Stammzellespender – rett e Liewen“ und „De Kampf géint Leukemie ass en Ekippesport“. 

Die großzügige Spende wurde durch zahlreiche Aktivitäten und Engagement der gesamten Schulgemeinschaft beim Schulfest ermöglicht. Schüler, Eltern, Lehrer und Freunde der Schule trugen gemeinsam dazu bei, dass dieses beeindruckende Ergebnis erzielt werden konnte.

Bei der Scheckübergabe bedankte sich Yannick Lieners des Plooschter Projet herzlich für die großzügige Spende und lobte den Gemeinschaftsgeist der Suessemer Schoul. „Es ist beeindruckend zu sehen, was möglich ist, wenn alle zusammenhelfen“, betonte er.

Die Veranstaltung zeigt eindrucksvoll, dass soziales Engagement bereits in der Schule gefördert wird und dass auch die Kleinsten einen großen Unterschied machen können. Die Suessemer Schoul & Friends haben einmal mehr bewiesen, dass sie nicht nur feiern, sondern auch helfen können – und das mit vollem Einsatz und großem Herz.

Ein herzliches Dankeschön an alle, die zu diesem Erfolg beigetragen haben!

Virliesconcours

22. Februar 2022

Mëttwoch, den 2. Mäerz fënnt um 16h00 d'Finale vum Virliesconcours vum C4 vun der Schoul Suessem statt. 

Déi Kanner, déi matmaache wëllen, kënnen sech am ale Gebai op d'Lëscht, déi um Rez-de-chaussée um schwaarze Raider hänkt, androen. 

D'Thema vum Text ass : Déieren.

Aus dem Flyer:

"Déiere gouf et schonn iert de Mënsch koum. Mënsch an Déier hunn eng laang gemeinsam Geschicht. Am Laf vun der Zäit si verschidden Déieren zu Notzdéiere ginn an anerer zu Hausdéieren. Deels sinn dat och déiselwecht Déieren. Haut sinn Hausdéiere ganz dacks wichteg Frënn a si hëllefen de Mënschen. Dëst gëllt bei eenzelne Mënsche mat Beanträchtegungen och fir hir Assistenzdéieren.

Et ginn och nach ëmmer wëll Déieren, déi fräi liewen an déi eis dacks faszinéieren. Vill vun hinne sinn antëschent bedrot a musse vum Mënsch – an heiansdo virum Mënsch – geschützt ginn.

D’Relatioun Mënsch-Déier ass am Wandel: verschidde Mënsche stellen sech d’Fro, a wéiwäit de Mënsch iwwer d’Déieren däerf bestëmmen. Mat där laanger Relatioun tëscht Mënsch an Déier projezéiere mir och ganz vill Mënschleches an d’Déieren eran. Mir maachen aus deenen engen Déieren déi Domm, aus aneren déi Béis, déi Gewëtzt oder déi Geféierlech. Et ginn och eng Rëtsch Bicher, an deenen d’Déiere selwer hir Geschicht erzielen. Dat kënnen Déieren an der aktueller Welt, aus der Geschicht oder Virgeschicht, awer och Déieren aus Fantasiewelte sinn.

D’Déieren hunn also eng grouss Präsenz a Bedeitung an eisem Liewen, an dat war fir eis de Grond, se als Theema fir de Virliesconcours 2022 erauszesichen.

Fir de Virliesconcours kënnen all Zorte vun Déieregeschichten, respektiv Geschichten tëscht Mënsch an Déier, genotzt ginn.

Et kann erëm an den dräi Schoulsprooche virgelies ginn: Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch.

D’Finall ass dëst Joer dënschdes, den 28. Juni 2022. Wéinst den aktuelle speziellen Ëmstänn wäert d’Finall wuel nomëttes sinn, sou dass jidder Finalist vun e puer Membere vun der Famill a vu Frënn ënnerstëtzt ka ginn.

Dem Virliesconcours 2022 wënschen ech e grousse Succès, an all deenen, déi matmaachen, vill Spaass."

(Luc Weis, Direkter vum SCRIPT)

Initiativ fir d'Wuelbefanne vun de Kanner

27. März 2021

De Message vum Unterréchtsminister Claude MEISCH

 

guide_parents_de.pdf
guide_parents_en.pdf
guide_parents_fr.pdf
guide_parents_lu.pdf

E Stopp fir e Mupp - Besuch vun der Madame Prost a vum ITOU

26. Februar 2021

Den Itou ass ee prächtege schwaarze Labrador Retriever, deen zwee Joer ausgebild gouf fir enger Persoun mat enger Behënnerung, sief et kierperlech oder mental, am Alldag ze hëllefen. Elo geet hie mat senger Betreierin a Schoulen fir ze weise wat sou Assistenzmuppen alles kënnen an och fir Hëllef fir d'ASA -Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn ze froen bei der Finanzéierung vun dëser ganz deierer Ausbildung. Dat kann ee ganz einfach maachen andeems ee Plastiksstëpp fir si sammelt. 
Bei eis an der Schoul gëtt et ee Container am ale Gebai ënnen am Gang, an deem d'Kanner hir Stëpp geheie kënnen.

https://www.asa-asbl.com/

https://www.doggy.lu/fileadmin/user_upload/asa-bouchons-1709.pdf

Update Fréijoersfest

26. Februar 2021

Wéinst der grousser Ongewëssheet an där mir eis all de Moment wéinst dem COVID-19 befannen, hu mir schwéieren Häerzens decidéiert d'Fréijoersfest ofzesoen.

À cause de la situation incertaine dans laquelle nous nous trouvons actuellement à cause du COVID-19, nous avons malheureusement dû nous résoudre à annuler la "Fête du Printemps".

:(

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.