logo

Meng Klass - Blog

Mir kucken den Nussknacker

18. Dezember 2020

Et muss net ëmmer Rock oder Rap sinn. Aen zou a genéissen.

Mir waren de Mueren am Lycée Hubert Clément

21. Januar 2020

Am Kader vum Projet ORIKA ware mir de Mueren am LHCE. Fir d'éischt si mir e bësse ronderem gefouert ginn. Dono ass d'Klass an 2 gedeelt ginn. Déi eng sinn an d'Chimie mat Sëlvernitrat experimentéiere gaangen. Déi aner hunn am MakerSpace Lute programméiert

Escape Game beim Suessemer Schlass

2. Dezember 2019

Mir hunn haut d'Suessemer Schlass vum Fluch vun der béiser Hex Kathrein befreit. Si hat d'Hiweiser fir den Géigenzaubersproch ze fannen an elauter Këschte verstoppt, déi een unhand vu Rätselen huet missen opkréien. Dat war ganz schéi kniwweleg! Awer mir hunn et hikritt, an elo ass d'Hex verbannt. 

Mir hoffen awer datt mir geschwënn eng nei flott Aventure erliewen dierfen, well dat ass richteg cool!

Mir waren de Mueren um Radio 100,7

20. November 2019

http://www.100komma7/podcast/277508

De Jean-Claude Majerus vum Radio 100,7 ass e Méinde bei eis an d'Klass komm an huet eis gefrot wat mer vun de Kannerrechter wëssen. Haut ass jo den 30. Gebuertsdag vun der UN-Kannerrechtskonventioun. Lauschtert mol eran. Mat derbäi waren d'Schüler vun der Madame Tania Schneider.

SchülerInnen

Enseignanten

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.