logo
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Kee Klotere méi

27. November 2020

Leider kënne mer net méi klamme goen. Dofir si mer de Moien e flotten Tour trëppele gaangen. Et war e bësse frësch, mee ganz flott. Ennerwee hu mer e puer Plaze fonnt, wou et glat war. Fir verschidde Kanner war et déi éischte Kéier op enger Schläich!

13 Biller alles uweisen
13 Biller alles uweisen
Schoul Eilereng

LandArt 13.11.2020

18. November 2020

Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Mir ginn erem kloteren!

18. November 2020

Et ass erem esou wäit. D'Kanner aus dem C3.2 aus eiser Klass ginn freides an den RedRockClimbingCenter op de Scheierhaff kloteren. Lues a lues léiere mer wéi ee sech op enger Kloterwand beweegt an op wat mer mussen oppassen, fir dass kee sech verletzt. Sécherheet geet vir! Elo schon e grousse Merci un d'Personal vun der Maison Relais, dat eis ënnerstëtzt.

15 Biller alles uweisen
15 Biller alles uweisen
Schoul Eilereng

Bibliothéik

18. November 2020

Kanner liesen anere Kanner eppes vir.

13 Biller alles uweisen
13 Biller alles uweisen

 

Mir hunn erem ugefaang, dass Kanner anere Kanner eppes virliesen. All Woch liesen dräi Kanner de Kanner aus engem aneren Cycle eppes vir. 

Weider Fotoe komme no...

Schoul Suessem

Och mam COVID-19 huet d'Schoul Suessem Projeten!

18. Oktober 2020

Mir wëllen d'Hoffnung behalen, datt 2021 verschidde Restriktiounen opgehuewe ginn, an datt mir nees Fester feieren dierfen. Dofir hu mir elo scho folgend Datume festgeluecht :

Fréijoersfest : 31. Mäerz 2021

Summerfest : 2. Juli 2021

Loosst eis d'Daumen halen... 

©2020 Schoul Suessem • PrivacyTermsContact
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!
SCHOULFESTER 2020

BIELES-POST : Kulturefest 08. Juli 2020

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Dezember 2020
DeDoFrSaSo
 123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031   
spacer