D'Restaurante ginn rëm opgemaach
E Mëttwoch, de 27. Mee duerften d'Restaurante rëm opmaachen. D'Restaurateure waren doriwwer ganz frou, well se rëm méi an d'Keess kréien. Si hate laang op dës Annonce gewaart a krute méindes déi positiv Nouvelle vum Premier matgedeelt. Ganz séier hunn si sech du missen op dës Reouverture preparéieren. Bei deem gudde Wieder hunn sech et vill Leit net huele gelooss, direkt um éischten Dag vun der Reouverture vun de Restauranten, Caféen a Bistroen dobaussen e Patt oder Maufel ze huelen. D'Hygiènes- a Sécherheetsmesuren hunn net all ze vill gestéiert. Zwee Deeg méi spéit konnt dunn och nees bannenan zerwéiert ginn op Dëscher, déi op d’mannst annerhallwe Meter ausernee musse stoen.
Quell: Rtl.lu
- 9. Juni 2020