Geschenk-Iddien
Wann och dir net wësst wat dir sollt fir Chrëschtdag schenken, dann hunn ech elo puer Tipps fir iech:
1. Eng Ketten oder Ouerréng;
2. Ee Këssen mat selwer opgebitzte Saachen wei z. Bsp. Hunn dech gär, du bass cool,...
3. Eng Taass mat séisse Spréch drop;
4. Eng Liichterketten oder eng schéin Dekoluucht;
5. Eng Badebombe fir sech no Stress roueg an d'Bidden ze leeën;
6. Wei wär et mat enger Fotosrumm mat enger séisser Foto dran;
7. Eng Weltkaart wou en kann ausrubbelen an wéi enge Länner ee schonn alles war.
8. Eng Bakmëschung, wei wär et domadder?
9. Fir déi Leit déi gäre kachen oder baken kéint och e Schietteg cool sinn, mee natierlech eent mat engem häerzvolle Sproch drop.
10. Ech weess jo net, mee wann ee vun ären Frënn eng Magnéitwand huet, wei wär et dann mat e puer Magnéiter?
11. Eng Doftkäerz, wei gefält iech dat?
12. Schockela, dat mech jiddereen, mee wéi wär et mat enger Popcornmaschinn?
13. Wann der eppes fir ee Meedchen braucht, dann geet jo och Schminksaachen oder eng Mask.
14. Ee Fotobuch fir déi schéin Erënnerungen.
15. Wann een ëmmer ze spéit kennt, da kaaft em ee Wecker!!!
16. Fir kleng Kanner kann dach och mol een Kuscheldéier kafen.
17. Eng Handyhuss wär dach och eppes oder?
18. Schlappen déi ausgesinn wéi Deieren;
19. Wann dir een kennt, dee gären Fotoen mécht, da kaaft em dach einfach eng Polaroid-Kamera.
20. Een den oft Kapp wei huet, fir dee wär dach e Kappmassagegerät gutt.
21. En Kachbuch wär dach gutt, nee?
22. Wann dir wësst dass een Fan vun engem ass, da schenkt him dach einfach en Treffen mat däer Persoun.
23. Wann een sou musikalesch ass, da freet en sech bestëmmt iwwert eng Muséksbox.
- 21. Januar 2019