logo

All d'Artikelen säit Okt.2017

Scouten

Scouten ass ee Grupp vun Kanner déi sech fir d'Natur asetzt. Si maachen awer och Spiller, dobannen souwéi dobaussen. Et sollt een dofir léiwer al Kleeder undoen, well een sech knaschteg maachen kann. Et geet een och op Weekender oder Campinger wou ee kann, awer net muss matgoen. D'Weekender sinn 2 Deeg an d'Campen daueren tëscht 3 Deeg an 2 Wochen.

An de Scouten huet een e Foulard an eng Uniform un. D'Uniform huet en awer nëmmen fir besonnesch Uläss un. Et kann een op all Camp oder Rallye Badger sammelen dei een dann op d'Uniform bitzt. Et gëtt verschidden Altersbranchen: d'Biber(6-8 Joer), Wëllefcher (8-11 Joer), Avex(11-14 Joer), Pio (14-17 Joer). Dono kann een Chef ginn.

Nach eppes zu der Uniform, op där kann een, nieft de Badger och Kralle sammelen (op enger Patt). Et gëtt déi giel, déi ee kritt wann ee kreativ ass, dann déi blo, wann ee sportlech ass, déi gréng, wann een d'Natur respektéiert an déi rout, den Superscout. Meeschtens kritt een nëmmen 2-3 Krallen. Déi sammelt een op engem Badge, an der Form vun enger Patt.

No all Branche muss een eng Montée maachen. Dat ass eng Aart Test bei deem een net duerchfale kann.
D'Versammlungen vun den 👉 Nidderaanwener Scouten:
Wëllefcher: 4-6 Auer
Avex: 4-6 Auer
Pio: freides
- Kommt all an d'Scouten!

, - 8. Dezember 2020
©2025 CC BY NC ND • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.