Iwwer 560 Flüchtlinge gerett
E Mëttwoch den 28.11.18 goufen iwwer 560 Flüchtlinge gerett. Si waren mat insgesamt 12 Booter ënnerwee, dat ganzt ass virun der spuenescher Küst geschitt.
D'Flüchtlinge goufen zu Malaga, Almeria an Motril ënnerbruecht. Rettungsdéngschter hunn och bekannt ginn, dass dräi Migrantenläichen am Mier geschwommen sinn. Spuenien ass zanter dësem Joer eng vun den Haaptdestinatiounen vu Flüchtlingen an Europa ginn. Vun Ufang dësem Joer hunn ongeféier 52.000 Mënschen Spuenien iwwer d'Mëttelmier erreecht. Dat ass bal d'Halschent vun alle Flüchtlingen déi an Europa kommen.
- 10. Dezember 2018