Nationalfeierdag
Den Nationalfeierdag ass zu Lëtzebuerg deen Dag wou dem Grand-Duc säi Gebuertsdag gefeiert gëtt, an dat säit dem 18. Joerhonnert. 1961 gouf festgeluecht datt dem Grand-Duc säi Gebuertsdag, also den Nationalfeierdag, den 23. Juni gefeiert gëtt. Allerdéngs gëtt schonn um Virdaach an der Stad geféiert. Nationalfeierdag ass dat gréisste Volléksfest vu Lëtzebuerg. Aktivitéite ginn duerch dat ganzt Land verdeelt organiséiert, fir Grouss a Kleng, wéi zum Beispill de Fakelzuch oder dat traditionellt Freedefeier an der Stad. Dat fänkt um 11 Auer Owes un. Den 22. si vill Caféen an Terrassen ob, fir dat d'Visiteure bis an de freie Moie kenne feieren. Et ginn och Bünen, déi an der ganzer Stad verdeelt sinn, déi deen Owend (den 22.) Schauplätz fir vill verschidde Concerte sinn.
Den Nationalfeierdag selwer ginn dann och iwwerall am Land Massen, déi och nach Te Deum genannt ginn, an de Kierchen ofgehalen. D'Militärparad an der Stad ass och en Deel vum Programm, deen net feelen dierf. Hei zu Nidderaanwen gëtt den Nationalfeierdag den 23. bei der Gemeng gefeiert.
Quell: vdl.lu
, - 16. Juni 2023