Wat ass eigentlech UNESCO?
Wat ass eigentlech Unesco? Ass et een Numm fir een Hond oder ass et villäicht eng Zort Glace? Dat fënns du raus an dësem Artikel!
Unesco ass eng Ofkierzung fir United Nations Educational, Scientific and Cultural Organization. Déi international Organisatioun schützt al Gebaier an och Fester an Ausstellungen op der ganzer Welt, sou ass zum Beispill den "Historeschen Zenter vu Wien" an Éisterreich wéinst senge ville barocke Gebaier vun der Unesco geschützt. Hei a Lëtzebuerg hu mir och Unesco geschützte Gebaier, wei di al Festungsmaueren vun der Stad Lëtzebuerg. Hei hu mir och Fester, wei d'Sprangprëssessioun zu Iechternach. D'Fotosausstellungen "The Family of Man" vum Edward Steichen ass eng Foto- an Textinstallatioun zu Klief am Schlass. Dat ass alles vun der Unesco geschützt awer et gëtt vill méi.
Hei zou Lëtzebuerg war en UNESCO Molconcours a ganz vill Schoulen hunn matgemaach. Jiddereen huet mega gemoolt, Gewënner waren d'Lisa Fohr, den Ninon Haltern, den Alex Back an d'Lucie Gaudeau.
- 27. Juni 2019