Nicolas Wagner, Dressurreider
Info
De Nicolas Wagner ass deen éischte lëtzebuergesche Reider dee sech fir eng Olympiad qualifizéiere konnt. Hien ass 31 Joer al a säi Päerd heescht Quater Back Junior. Hien war bei den Olympësche Spiller 2021 zu Tokio mat dobäi. Deemools war hien 29 Joer al. Hien gouf den 2. Januar 1992 gebuer. De Nicolas Wagner ass een Dressurreider.
De Nicolas Wagner reit säit en kleng war, well seng Elteren e Reitstall hunn, deen sech op Dressur spezialiséiert huet. Allerdéngs ass hien deen eenzegen a senger Famill deen dëse Sport op sou héijem Niveau bedreift.
Parcours vun kleng un bis Olympia
Säin éischt Pony huet Liesche geheescht. Als Kand wollt hien zäitweis an de Sprangsport oder souguer Mountainbikefuerer ginn. Mat 16 Joer huet hie bei der Europameeschterschaft an der Schwäiz matgemaach.
Seng Rees fir bei d’Olympia
Hien huet seng Rees vir bei d’Olympia mat sengem Päerd Quater Back Junior zu Oochen (Aachen) ugefaangen. Ooche läit am Weste vum däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen. Op engem groussen Terrain ware sämtlech Päerd aus Europa ënnerbruecht ier si a Japan geflu goufen. D’Reesvirbereedunge gehéiere scho bal mat dem ganzen organisatoreschen Opwand zum Alldag vum Nicolas Wagner a sengem Päerd derzou. Den Transport vum Päerd iwwerhëlt eng spezialiséiert Firma. Vill Leit hunn net gegleeft, dass hien et bis bei d’Olympiad packt, den Nicolas Wagner awer war sech zimmlech sécher, dass et klappe géif. D’Olympesch Spiller goufen em ee Joer verluecht. An deem Joer konnt de Nicolas Wagner vill mam Quater Back Junior trainéieren. Mee d’Päerd misst gesonnt bleiwen an huet sech net dierfe verletzen. Zum Gléck war näischt Schlëmmes geschitt. Si ware gutt op d’Olympia virbereet. De Wallach war deemools 12 Joer al an hat domat dee perfekten Alter fir een Dressurpäerd. Et waren 59 Dressurreider op der Olympiad an de Nicolas Wagner ass op der 25. Plaz gelant. Hien hat 70,5 Prozent vun de Punkte kritt.
Wousst dir schonn?
Dat deiersten Dressurpäerd huet Totilas geheescht an huet 2010 10-15 Milliounen Euro kascht.
Dressur, wat ass dat?
Dressur ass net ëmmer einfach ze verstoen. D’Päerd muss verschidden Aufgaben exakt ausféieren an de Reider gëtt nëmme ganz kleng Hëllefen. Dressurprüfunge ginn an engem Rechteck vun 1200 Quadratmeter geridden. Riichtere sinn em de Rechteck verdeelt a bewäerten d’Aufgaben. Zum Schluss ginn all d'Punkten zesummegerechent an a Prozenter ëmgewandelt. De Weltrekord läit bei 94,3 Prozent, opgestallt vun der Olympiagewënnerin Charlotte Dujardin aus Groussbritannien mat dem Wallach Valegro.
Wann d’Prüfung ufängt reit de Reider op sengem Päerd op d’Mëttellinn, bleift an der Mëtt stoen a begréisst d’Richteren. Wann de Reider mat sengem Päerd all seng Aufgabe geridden ass, gréisst en d’Riichter nees. Dann ass d’Prüfung eriwwer. D’Aufgabe kennen am Schrëtt, Trab oder Galopp duerchgeféiert ginn. Mee d’Päerd muss sech op d’Säit, no hannen an no fir beweege kënnen. Dobäi kommen och nach komplizéiert Aufgabe wei d’Traversal wou d’Päerd Been iwwerkräizt, an och d’Piaff wou d’Päerd souzesoen op der Plaz trabt.
Quellen: Tageblatt
- 27. Januar 2023