Jugendhaus Niederanven!
D'Jugendhaus ass eng Platz wou Frënn sech kënnen treffen. Du kanns dohinner gon, wann s de tëscht 11 a 25 Joer al bass. Mat 10 Joer dierfts de 1 mol am Mount dohinner goen.
Si bidden verschidden Aktivitéiten un, wéi zum Beispill: Baken, Wanter grillen, Fuesparty, Bowling. All Freiden um 16.30 Auer ass Kachen um Programm.
Si hunn e Meedercherssall, 2 Kickerdëscher, e Pingpongs-Dësch, e Billards-Dësch, Computeren an eng Telé, wou een Saache kucke oder Spiller spille kann. Si kënnen dir och Saachen ze drénken oder Croque-Monsieure man, alles nëmmen fir 1 Euro. Et kritt een och Gedrénks, wann een eppes drénke well. All déi Kanner déi keng Suen matbréngen, kréien och Waasser fir naischt. Et kann ee maachen wat ee well, mee et muss ee Respekt hunn virun deenen anere Kanner an och virum Material. Wann dëst net de Fall ass, da brauch een net méi erëm ze kommen.
Wou ass d' Jugendhaus?
- Op Nummer 130, route de Trèves zu Senningen
Wann Dir wëllt Kontakt mat de Leit ophuelen, da mat desen Infoen:
E-Mail: info@jhn.lu
Tel.: 26 34 78
D'Ëffnungszäiten:
Méinden bis Freiden vun 14:00 – 20:00
Samschden vun 14:00 – 18:00
Homepage: http://www.jugendhaus-niederanven.lu/
, - 14. März 2019