Mir sinn de Redaktergrupp!
Ufangs Oktober gouf den Redaktergrupp gegrënnt. Am Redaktergropp recherchéieren mir Informatiounen fir op eis Homepage
ze setzen. Mir wëllen nämlech den Elteren an de Kanner Informatiounen matdeelen wat bei eis an
der Schoul an och ausserhalb vun der Schoul passéiert.
Et ginn 2 Redaktergruppen, den 1. Redaktergrupp kënnt all zweete Mëttwoch, an den 2. Redaktergrupp
all zweeten Donneschden zesummen. Am Ganzen schaffen 22 Kanner aus dem Cycle 4 am Redaktergrupp.
Well mir iech den Redaktergroup presentéieren wëllen, hunn mir een Interview mam Laura V. gemaach wat och am Redaktergroup
ass:
- Wisou bass du an den Redaktergroup komm?
Ech sinn an den Redaktergroup komm, fir Informatiounen an d'Welt ze setzen.
- Wat erwaarts du dir fir dëst Joer?
Ech erwaarden mir, dass mir vill zesummen recherchéieren an och selwer Saachen bei ze léieren.
Uewen de Grupp vu mëttwochs, ënnen: de Grupp vun donneschtes
- 7. Dezember 2015