Vierliesconcours 2016
Virliesconcours 2016
All Joers gëtt mat verschiddene Schoulen ee Virliesconcours gemaach. Fir do matzemaachen, solle klassenweis Kanner ausgewielt ginn,
wou ee Kand eppes op Franséisch, en anert eppes op Däitsch, an nach anerer op Lëtzebuergesch virliesen. Wann dann an der Klass 3 Kanner ausgewielt goufen, da mussen se géint d'Vertrieder aus deenen anere Klassen (-> Cycle 4.1-4.2) untrieden. Hei ginn da vun der ganzer Schoul dräi Kanner ausgewielt, déi duerno géint aner Schoulen untrieden.
Dëst Jor sinn et: D'Kalina am Däitschen, d'Giada am Franséischen an d'Selina am Lëtzebuergeschen . Déi dräi wäerten den 2. Juni zu Sandweiler géint déi aaner Schoulen aus eisem Ressort untrieden.
Mir drécken hinnen d'Daumen!
(Foto vun 2015)
- 6. Mee 2016