logo

All d'Artikelen säit Okt.2017

Michel Majerus

De Michel Majerus war e Kënschtler, Moler a Sculpteur. Hien hat d'Nationalitéit vu Lëtzebuerg a vun Däitschland a gouf den 9. Juni 1967 zu Esch-Uelzecht gebuer. Séi Papp war de Jean Majerus.

Nom Lycée ass hien ab 1986 6 Joer laang zu Stuttgart op d'Staatliche Akademie der bildenden Künste gaangen. Hien ass allerdéngs no sengem Studium net zu Stuttgart bliwwen, mee ass op Berlin geplënnert. 2001 ass hien da fir ee Joer op Los Angeles gaangen.

Duerch seng Molereien an Installatiounen déi sech deelweis un der Pop-Art an un der Minimal-Art inspiréiert hunn ass hie berüümt ginn. An senge Biller fënnt ee vill verschidde Faarwen, an och Figuren oder Motiver aus beléifte Videospiller, wei zum Beispill aus Super Mario. Ausserdeem huet hien zu de bedeitesten internationale Kënschtler vun de spéide 1990er a fréien 2000er Jore gehéiert.

Hien ass de 6. November 2002 beim Luxair-Fligeraccident hei zu Nidderaanwen em d'Liewe komm, wei hien eréischt 35 Joer all war. Seng Karriäre als Moler huet leider net laang gedauert, grad emol 10 Joer, mee si war dofir ausseruerdentlech produktiv.

Am Kader vu sengem 20. Doudesdag goufen a Lëtzebuerg an an Däitschland an 19 verschiddene Galerien a Musen seng Biller an Installatioune gewisen. Dat ganzt ass ënnert dem Label michel majerus 2022 gelaf. Fir déi déi et interesséiert ass vum 31 Mäerz bis den 1 Oktober 2023 am Mudam eng Ausstellung vu senge Wierker.

Quellen:

- 23. Februar 2023
©2025 CC BY NC ND • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.