logo

Regelen an der Schoul

An der Eilerenger Schoul hunn d'Kanner ganz vill Fräiheeten a si kënne ganz vill Saache fräi décidéieren. Trotzdeem ginn et och e puer wichteg Regelen, un déi jiddereen sech hale soll fir e flott Zesummeschaffe méiglech ze maachen.

  1. Ech lauschteren den Enseignante no an ech maachen dat, wat si mir soen.
  2. Am Schoulgebai däerfen d'Kanner net laafen, stoussen, jäizen, kletteren oder Trapen erofsprangen.
  3. Toiletteräim gi propper gehalen, et gëtt kee Pabeier op de Buedem gehäit an et gëtt net do gespillt.
  4. Spillsaachen, Spillkonsolen, MP3 Player an aner Gadgets bleiwen doheem.
  5. Wa Kanner Spillsaachen oder Kaarte mat an d'Schoul bréngen, da sinn si selwer dofir responsabel. D'Schoul ersetzt keng Spillsaachen déi verluer oder beschiedegt ginn, a mir kënnen och kee Sträit klären dee wéinst Kaartentausch entsteet. Wa Problemer net ze léise sinn, kënne Spillsaache confisquéiert ginn.
  6. Kanner däerfen en Handy dobäi hunn, den Handy muss awer ausgeschalt an am Schoulsak sinn.*
  7. Et ass net erlabt Fotoen oder Videoen an der Schoul oder am Haff ze maachen (ausser am Cadre vun enger Aktivitéit).*

*) Wa Schüler en Handy an der Schoul oder am Haff umaachen an/oder Fotoe/Videoe maachen, da gëtt den Handy/Fotosapparat confisquéiert. D'Elteren huelen sech dann e RDV beim Enseignant fir den Apparat rëm sichen ze kommen.

Mateneen

  1. Ech lauschteren deenen anere no, a loossen anerer ausschwätzen.
  2. Ech schléisse keen aus.
  3. Ech vermeide Sträit an ech léise Konflikter ouni Gewalt.
  4. Ech verletzte kee kierperlech oder mat Wierder.
  5. Ech passen op meng eege Saachen an op deenen anere hir Saachen op.
  6. Ech iessen an drénken an der Paus. Ausnahme ginn et am C1 an C2.
  7. Privat Saache schwätzen ech wa méiglech an der Paus.

An der Klass

  1. Wann ech an d'Klass kommen, da sëtzen ech mech op meng Aarbechtsplaz.
  2. Während dem Schaffe bleiwen ech souwäit wéi méiglech sëtzen.
  3. Ech schätze lues während der Wocheplang- oder Gruppenaarbecht.
  4. Wann eppes erkläert gëtt, bleiwen ech sëtzen a lauschtere no.
  5. Wa mer zesumme schaffen da passen ech op an ech schaffe mat.
  6. Wann ech eppes soe wëll, da weisen ech de Fanger an ech waarde bis ech geruff ginn.
  7. Ech laache net, wann anerer e Feeler maachen. 
  8. Ech klunsche net mam Stull, well ech soss faalen a mech blesséiere kann.
  9. Ech versuerge meng Bicher, Hefter a Chemisen uerdentlech.
  10. Wann ech fäerdeg si mat schaffen, da raumen ech meng Saachen zesummen a kucken dass kee Knascht um Buedem läit.

Computer a Medien

An alle Klassesäll ginn et Computeren, déi och all Dag vun de Schüler genotzt ginn. D'Kanner kënnen sech mat hirem IAM Username / Passwuert um oli.education.lu aloggen (och vun doheem aus) fir hir Texter ze schreiwen oder fir Aufgaben op hirem Wocheplang unzekräizen. 

  1. Ech gi nëmmen op de Computer, wa mäin Enseignant Bescheed wees.
  2. Ech benotzen de Computer nëmme fir meng Schoulaarbecht, net fir privat Saachen.
  3. Ech gi nëmmen op déi Websiten, déi ech fir meng Schoulaarbecht brauch.
  4. Ech däerf näischt printen, ouni mäin Enseignant ze froen.
  5. Ech hale mäin eegent Passwuert (IAM) fir mech, a versichen och net engem anere säi Passwuert erauszefannen.
  6. Ech maache keng Ännerungen un anere Kanner hiren Texter oder Aarbechten.
  7. Ech maache keng Frechheeten a schreiwe näischt Béises a soziale Netzwierker, e Foren oder an Chats.

An der Paus

Fir d'Pauseregelen gëtt et eng eege Säit, kuck der déi w.e.g. och un

Ennerwee

Wa mir d'Schoul verloossen (Schwämm, Turnen/Kulturschapp, Spillplaz, Trëppeltour, ...), da musse mir ëmmer e Stéck iwwer den Trottoir laanscht d'Haaptstrooss goen.

  1. Ech maache wat mäin Enseignant mir seet.
  2. Mir ginn zu 2 an 2 an enger Rei, mir laafe net a mir kucken och dass mer no kommen (kee Lach loossen).
  3. Mir streide net a mir stousse keen.
  4. Wa mer laanscht Haiser ginn, da bleiwe mer um Trottoir - mir gi net duerch anere Leit hir Gaart oder iwwer hir Mauer, a mir paken och keng Bréifboiten un.
  5. Wann Dreckskëschten oder Tuten um Trottoir stinn, da gi mer ronderem ouni se unzepaken.

Regelen fir d'Elteren

Eng positiv Zesummenaarbecht tëscht Schoul a Famill ass immens wichteg, an deene meeschte Fäll klappt dat och ganz gutt. Et ginn awer och e puer Regelen, déi d'Eltere kenne sollten, fir e gudde Fonctionnement ze garantéieren.

  1. D'Schoul geet um 8:00 respektiv 14:00 Auer un, an d'Kanner solle pünktlech sinn.
  2. Dir musst är Kanner no der Schoul pünktlech ofhuele kommen (gëllt net fir déi mi grouss, déi schon eleng ze Fouss ginn). 
  3. D'Kanner solle wa méiglech ze Fouss an d'Schoul kommen, évitéiert den Transport mam Auto (hannert der Schoul gëtt et och d'Méiglechkeet Veloën a Kickboards ofzestellen). 
  4. D'Eltere komme net mat de Kanner an d'Schoul oder an de Schoulhaff, ausser si hunn eppes ze transportéieren oder si wëllen dem Enseignant eppes matdeelen.
  5. Virun der Schoul a no der Schoul waarden d'Elteren um Trottoir op hir Kanner. Et ass net erlaabt, en Hausdéier (zB en Hond) mat an de Schoulhaff oder an d'Schoul ze bréngen.
  6. Et ass strikt verbueden, dass dir als Elteren anere Leit hir Kanner zurechtweist, oder anere Kanner um Schoulwee oplauert. Wann et e Problem gëtt, da schwätzt w.e.g. mat ärem Kand sengem Enseignant. An engem grave Fall muss mir d'Police avertéieren.
  7. Wann dir mam Léierpersonal schwätze wëllt, da frot w.e.g. e RDV iwwert d'Bichelchel oder via E-Mail. Mir kënne keng spontan Entrevue Moies um 8:00 maachen, well dann de Cours ufänkt.
©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.