Pauseregelen
- Wann d'Paus ugeet, ginn d'Kanner direkt eraus a bleiwe net am Gank oder am Gebai.
- Während der Paus däerfen d'Kanner net an d'Gebai ouni en Enseignant an der Surveillance ze froen.
- Kanner däerfe net aus dem Haff eraus.
- Kanner däerfe net hannert d'Schoul.
- Et däerf net geschloen oder gestouss ginn (och net vum Baumhaus erof).
- Et däerf ee mat näischt schéissen (Sand, Mulch, Steng, ...).
- Aus Platzgrënn a wéinst der Proximitéit zur Strooss däerf am Haff kee Fussball gespillt ginn (och net mat klenge Bäll, Fläschen, Äppel, Steng, ...),
- Et däerf ee net mam Kickboard oder mam Velo am Haff fueren.
- Et däerf ee néierens am Haff op der Mauer stoen, lafen oder sprangen.
- Et däerf ee net eng Mauer oder en Droot eropkloteren.
- Et kann een op der Mauer sëtzen, d'Been däerf een awer net aus dem Haff eraushänke loossen.
- Iessensreschter, Verpackungen etc. kommen an d'Dreckskëscht.
- Elteren däerfe net am Haff stoen, d.h. sie musse baussen am Trottoir waarden.
- No der Paus gi mir Cycle fir Cycle eran, all Kand geet direkt bei seng Klass.
|
SchnéiWell am Wanter an eisem Haff Äis, Steng oder Mulch kënnen am Schnéi sinn, ass folgendes net erlabt:
- Et däerf net mat Schnéi geschoss ginn, well Stécker Äis kënnen am Schnéi sinn.
- "Aseefen" ass aus deem selwechte Grond net erlabt.
- Et ass awer ausdrécklech erlabt, op der Säit (net bei de Fënsteren) vun der Schoul e Concours ze maachen, ween am héichsten op d'Mauer schéisse kann, dat allerdéngs nëmmen ënner Surveillance.
Wa vill Schnéi läit (wat selten ass), da gi mir eventuell och eng Schnéiballschlacht op enger Wiss maachen, oder mir ginn uewen um Keupewee Schlitt fueren.
|
Waasser Wann d'Wieder et zouléisst, gëtt am Haff och während der Paus d'Waasser opgedréit.
- Et ass net erlabt, de Fanger an de Krunn halen fir aner Kanner ze sprutzen.
- Et ass net erlabt, aner Kanner express naass ze maachen.
Wa Kanner naass sollte ginn, kënnen se no der Paus nei Kleeder a Schong undoen (Kanner sollten ëmmer Ersatzgezei an engem Kuerf an der Schoul hunn).
Wann et am Summer immens waarm ass, da maache mer och heiansdos eng Waasserschlacht. Hei kënnen d'Kanner da Waasserpistoulen, Bueddicher an adequat Kleeder (eventuell och Schwammbox) matbréngen. Bei enger Waasserschlacht si meeschtens e puer Cycles dobäi, an hei gi mer och all richteg naass. D'Regele kréien d'Kanner vun den Enseignanten op der Plaz matgedeelt.
|
SpillerMir hunn e Weenche mat Spiller, déi bei guddem Wieder kënne benotzt ginn.
- D'Enseignanten décidéieren, ob d'Spiller erausgeholl ginn oder net.
- Et däerf net mat der Spillsaache geschoss oder geschloe ginn.
- Spiller mussen um Enn vun der Paus geraumt ginn.
|
BengelenEemol an der Woch däerfen d'Kanner mat Holzbengelen an der Paus spillen. Et gëtt kéng Consigne zum Spillen, just e puer Consignen zur Sécherheet:
- Net domat schloen oder picken.
- Net op Aenhéicht domat fuchtelen.
- Net mat an d’Bamhaus huelen.
|
KonsequenzenKanner, déi sech widderhuelt net un d'Regelen halen, mussen eis Auszäit bei der Mauer huelen.
|
|
|