logo

Kreativ-Ateliers

All Mettwoch Mëtteg si Kreativ-Ateliers, bei deenen d'Kanner vum C2 bis zum C4 a gemëschten Altersgruppe schaffen. D'Gruppe gi jeweils zum Ufank vum Trimester nei gewielt.

Bei den Ateiliers sinn oft dobai:

  • Buch schreiwen
  • Musék
  • Léierspiller
  • Bicher / Comic

Bei den Ateliers waren an der Vergangenheet och Film a Schülerzeitung dobäi.

Konscht & Bastel-Ateliers

All Freideg Mëtteg si Bastel-Ateliers, bei deenen d'Kanner vum C1 bis zum C4 a gemëschten Altersgruppe schaffen. D'Gruppe gi jeweils zum Ufank vum Trimester nei gewielt.

Bei den Ateiliers sinn oft dobai:

  • Bastele mat Recyclingmaterialen
  • Lehm
  • Beton
  • Bastelen a Kachen
  • Molen & Zeechnen

Bei den Ateliers waren an der Vergangenheet och Holz, Schoul verschéineren a Woll dobäi.

Paus a Schoulhaff

​Eise Schoulhaff ass net grouss, mee en ass awer flott aménagéiert.

Wichteg: Kuck der och d'Pauseregelen un.

  • Mulch opfëllen
  • Schoulgaart
  • Spiller
  • Bengelen
  • Waasserschlacht

Gesond Iessen

Am Cadre vun eisem Projet "Gesond Iessen" ginn et folgend Aktivitéiten:

  • All Woch kréie mer Uebst iwwer de Projet vum Ministère, dat d'Kanner an der Paus kënnen iessen.
  • Freides virun all klenger Vakanz kachen all d'Cycles, an da gëtt um 10:00 zesumme giess.

Liesnuecht

2015 an 2016 hu mer eng Liesnuecht organiséiert. D'Kanner aus alle Cyclen iessen owes zesummen, duerno gëtt zesumme gelies an erzielt. Iwwert d'Nuecht schlofen d'Kanner an der Schoul, Moies gëtt et dann e Frühstück fir Kanner, Elteren an Enseignanten.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Colonies de Vacances

D'Klass vum C3.2 geet all Joers am Summer op Laterns (A), an d'Klass vum 4.1 geet am Wanter just e puer Kilometer weider an de Montafon Schifueren.

Méi Infos fënns de um Website vu de Colonies de Vacances aus der Gemeng Suessem:

http://colonies-​sanem.schoul.lu

Schülerzeitung

All Trimester kënnt eng Ausgab vun eiser Schülerzeitung eraus, déi am Cadre vun de Kreativateliers entsteet. All Schüler kritt eng Zeitung gratis mat heem.

Oli

Den oli.education.lu gouf gréisstendeels zu Eilereng entwéckelt. D'Schoul Eilereng bitt och Hospitatiounen un, Enseignante kënne bei eis kucke komme wéi mir mam OLI schaffen (Wocheplang, Website, etc).

spacer