Mission Statement
D’Eilerenger Schoul steet fir eng éierlech an oppe Liewens- a Léiergemeinschaft. Toleranz, Respekt an Engagement ginn hei vermëttelt a gelieft. Mat Humor a kriteschem Denke kënnen d’Kanner hir Perséinlechkeet an hier Kompetenzen am Austausch mateneen entwéckelen.
D’Kanner eegnen sech individuell an am Team hiert Wëssen a Kënnen un, stäerken hiert Selbstvertrauen a kënnen hir Kreativitéit entfalen.
D’Eilerenger Schoul preparéiert op d’Liewen an enger multilingualer a multikultureller Gemeinschaft:
Bei eis kënnen d’Kanner fräi hir eege Meenung äusseren, Verantwortung fir sech an hier Matschüler iwwerhuelen. An den Aktivitéiten hunn si d’Geleeënheet sech mat hiere Stäerkten anzebréngen, hir eegen Decisiounen ze huelen an doduerch zu mündegen, autonomen a kritesche Memberen vun der Schoul an der Gesellschaft ze ginn.
Duerch eng diversifizéiert Approche, déi divergent Denken net nëmmen zouléisst, mee och fërdert wëlle mer vertrauensvoll, disziplinéiert an effizient matenee schaffen. Esou ginn de Kanner hir individuell Schwächten opgefaang a si entwéckele sech zu authentesche Perséinlechkeeten. D’Kanner gi mat hire Stäerkten a Schwächten ofgeholl, wou se stinn, an hir Individualitéit gëtt respektéiert. Mir uerteele net, mee probéieren an der Kommunikatioun mateneen Viruerteeler ofzebauen.
Zil ass et, duerch e sënnvollt Léieren an authentesche, liewensnoe Situatiounen, all eenzelt Kand esou wäit wéi méiglech weiderzebréngen.
Moossnamen fir dës Ziler ze erreechen:
- Oppe matenee schwätzen
- Klasserot & Schülerparlament
- Feedback ginn a fuerderen
- Reflexioun, Kritik an Autokritik (Portfolio)
- Sënnvoll, formativ Evaluatioun
- Perséinlechkeeten an individuell Kompetenze notzen
- Schüleraarbechte valoriséieren (Schülerbuch, Schülerzeitung, Ausstellungen, Virféierungen... )
- Cycle-iwwergräifend schaffen (Ateliers, Ausflich, Liesnuecht, Virliesen...)
- Ritualer (gemeinsamt Kachen an Iessen, Wuert vum Dag, )
- Differenzéieren (Wocheplang, Ateliers...)
- Gruppenaarbechten (pluralistesch Zesummesetzung)
- Ganzheetlech Educatioun
- Aktiivt a fuerschend Léieren
- Ressource vun de Kanner notze