Zum Deel hunn d'Kanner d'Méiglechkeet fir vu verschiddene Sëtzméiglechkeeten ze profitéieren. Mee wéi fonktionnéiert dat?
An der Klass ginn ënnerschiddlech Forme vu Sëtzméiglechkeeten ugebueden: normale Stull (mat oder ouni Sëtzkëssen), Sëtzball, Knéihocker, ergonomeschen Hocker, Wackelhocker, Stéidësch (mat oder ouni Wippen) oder e Vëlo mat Pult amplaz vum Guidon. All Schüler huet awer och seng fest Sëtzplaz mat senger Bänk. Je no Bedarf, kënnen d'Schüler hieren traditionelle Stull géint eng vun dësen oofwiesslungsräiche Méiglechkeeten austauschen.
D'Vëloen an de Stéidësch sinn, virausgesat dass den Enseignant säin Accord gëtt, fir all Schüler op fräiwëlleger Basis accessibel. E Schüler deen de Besoin huet fir sengem natierleche Beweegungsdrang nozegoen, kann och opgefuerdert gi fir vun enge vun dëse Méiglechkeeten ze profitéieren. De Stéidësch bitt de Schüler wärend Gruppenaarbechten ausserdeem eng flott an alternativ Plaz fir zesummen ze schaffen.