Du hues de Virliesconcours an eiser Schoul gewonnen.
Ënner alle Schoulgewënner/innen ginn elo d'Regionalgewënner/innen ermëttelt. Mir drécken dir d'Daumen, datt dës Aventure fir dech weider geet.
Virliesconcours 2022 organiséiert vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Excellent Neiegkeete vun eiser Partnerschoul zu Bangui an der Zentralafrikanescher Republik
Wéi am Rapport "Eis Partnerschoul zu Bimbo" hei niewendrun ënner NEWS beschriwwen, hunn zwee Schüler de Sprong an de Lycée zu Bangui gepackt. Op hirem Bilan gesitt dir, datt si sech do ganz daper schloen, besonnesch wann ee bedenkt, wéi hir Ausgangspositioun war an hir Liewenssituatioun ass. 2020 ware quasi guer keng Schoulen op.