Den 18. November hu mer am Atelier Säz gefëscht. Mat enger Aangel mat engem magnéitsche "Kreepchen" huet all Kand ee Sujet, e Verb an en Sazobjet gefëscht. Duerno hu mer d'Säz zesummegebaut a gelies. Dobäi ass natierlech vill de Sazbau geübt ginn, mee awer och d'Conjugaisoun vun de Verben, well d'Sujet'en ënnerschiddlech waren. Duerno hu mer d'Quatschsäz (verschidden Objet'e hu net bei d'Verb gepasst) verbessert. An engem zweeten Tour hun d'Kanner nach missen e passend Adjektiv fir bei hiren Objet fannen an am drëtten Tour eent fir de Sujet méi genee ze beschreiwen.
Virwat net einfach d'Käertercher huelen? Et ginn Studien, déi weisen, dass Kanner Saachen, déi se mat Beweegung léieren, besser verhalen (d'Gehier ass dobäi méi aktivéiert). Bei dëser Übung gëtt och ganz geziilt d'Réckemuskulatur trainéiert, well haut vill Kanner eng schwaach Réckemuskulatur hunn, wat Problemer mat der Haltung mat sech ka bréngen.
Ouni Biller:
Am Atelier hu mer och nach TickTackBumm gespillt. Dobäi mussen d'Kanner Wieder mat engem bestëmmten Buchstaw oder Buchstawegrupp sichen.