logo

Fruit for school

Kënnt d’Uebst aus lokaler Produktioun ?

All Uebst a Geméis, mat Ausnam vun de Banannen (fair trade), kënnt aus der EU. Leider gëtt et um lëtzebuerger Marché net genuch Uebst a Geméis aus lokaler Produktioun zu engem Präis, deen am Kader vum Programm ka bezuelt ginn. Fir och eng ökologesch Nohaltegkeet ze garantéieren, ass de kuerzen Transportwee ee vun de Critère bei der Auswiel vun de Produkter.

 

Ass d’Uebst gewäsch ?

D’Uebst ass net gewäsch, an dat huet e puer Grënn:

  • Uebst wat gewäsch ass, hält sech manner gutt.
  • D’Kanner sollen och léieren, datt se hiert Uebst gutt ënnert Krunnewaasser wäschen ier se et iessen.

Wann ee Kand mol en ongewäschent Stéck Uebst ësst, dann ass dat net schiedlech fir seng Gesondheet. All Uebst a Geméis wat zu Lëtzebuerg verkaaft gëtt, ass kontrolléiert gi vun den zoustännegen Zerwisser vum Landwirtschaftsministère an dem Gesondheetsministère. Et ass fräi vu schiedlechen Organismen an d’Réckstänn vu Planzeschutzmëttel leien ënnert de festgeluechte Grenzwäerter. Trotzdeem soll een e Stéck Uebst gutt wäschen ier een et ësst, fir d’Réckstänn vu Planzeschutzmëttel an och Bakterien, di duerch „Upaken“ op d’Uebst komm sinn, ze reduzéieren.

 

Firwat gëtt et net méi Variatioun an den Zochte vun Uebst a Geméis ?

D’Uebst a Geméis fir d’Schoule gëtt no verschiddene Kriterien erausgesicht, déi d’Variatioun aschränken

  1. Et soll sech wa méiglech eng Woch halen
  2. Et sollt ouni Messer a Läffel z’iesse sinn.
  3. Et sollt e vernënftegt Verhältnis tëscht Präis a Qualitéit bestoen
  4. Et sollt saisonal sinn
  5. Et soll e méiglechst kuerzen Transportwee hunn

Dofir ginn och, ofgesi vun de Banannen, di all aus Fairtraide-Produktioun kommen, keng exotesch Uebstzochten ugebueden.

 

Firwat gëtt heiansdo ze wéineg Uebst a Geméis geliwwert ?

D’Quantitéite gi mat Kilo pro Kand gerechent, duerno gëtt de passende Kaliber vum Uebst erausgesicht. Wann elo z.B. eenzel Bieren oder Äppel besonnesch grouss a schwéier sinn, da kann et sinn, datt zwar vum Gewiicht hier genuch Uebst geliwwert ginn ass, mä datt net all Kand ee Stéck Uebst fir sech kritt. An deem Fall kann een di grouss Friichten deelen. Leider ass et aus organisatoresch-logistesche Grënn net méiglech, eng ofgezielten Zuel vu Stécker Uebst ze liwweren.

 

Wat geschitt wann Uebst iwwreg bleift ?

De Fruit4 School Projet ass esou ugeluecht, datt all Kand ee Stéck Uebst pro Woch kritt. Wann eppes iwwreg bleift, sief et, dat verschidde Kanner net do sinn, oder hiert Uebst net iesse wëllen, da kann dat Uebst wat iwwreg ass, gären un aner Kanner verdeelt ginn. D’Léierpersonal kann awer och dat Uebst notze fir z.B. mat de Kanner Jus oder Kompott ze maachen oder eng Taart ze baken.