logo

Passage fondamental secondaire

D'Orientatioun am Cycle 4:

L’orientation est un moment crucial du parcours scolaire de chaque enfant, qui marque la transition de l’école fondamentale à l’enseignement secondaire. Les décisions prises à l’issue du cycle 4.2 sont presque toujours déterminantes pour la suite du parcours scolaire.

Une nouvelle procédure d’orientation est entrée en vigueur en 2016-2017. Elle a l’avantage de maintenir les plus-values de la procédure précédente : une vision globale de l’élève, qui se traduit par l’analyse d’une série de documents et de productions, et le fait que la décision d’orientation résulte d’un échange intensif au cours du cycle complet entre les partenaires concernés.

La réorganisation de la procédure d’orientation introduit une procédure plus transparente, plus précoce et qui prend davantage en compte le besoin d’information et l’avis des parents.

D'Orientatioun am Cycle 4.1:

Dat éischt Gespréich iwwer d’Orientéierung vun Ärem Kand gëtt virverluecht. Beim individuelle Gespréich vum 3. Trimester, um Enn vum Cycle 4.1, schwätzt den Enseignant schonn eng éischte Kéier mat Iech doriwwer, wéi eng Orientéierungsméiglechkeeten et fir Ärt Kand gëtt, opgrond vun den Tëschebilanen an de Leeschtunge wärend dem Joer. D’Léierziler vun Ärem Kand fir de Cycle 4.2 gi festgehalen.

An dësem Gespréich gitt Dir des Weideren informéiert iwwer d’Offer am Enseignement secondaire classique a secondaire général an eventuell och iwwer spezifesch Offeren : international Schoulen, Klasse mat engem verstäerkten Däitsch- oder Franséischunterricht, englesch Klassen asw.

Déi fakultativ Epreuves Communes am Cycle 4.2:

Wéi den Numm ët seet, sin dës Epreuves Communes (EpComm) fräiwëlleg.

Déi fakultativ EpComm däerfen ab November an de Klasse gemaach ginn. Den Dag an d'Auerzäit sinn dem Enseignant iwwerloos.

Fir d'Schüler sinn déi fakultativ EpComm eng gutt Geleeënheet fir sech e bessert Bild vun den obligatoreschen Epreuves Communes ze maachen.

D'Epreuves Communes am Cycle 4.2:

Hei fannt Dir all wichteg Informatiounen iwwer d'Epreuves Communes.

D'Orientatioun am Cycle 4.2:

Um Enn vum Cycle 4.2 decidéiert Dir zesumme mam Enseignant, wouhin Äert Kand orientéiert gëtt. Dës Decisioun ass d’Resultat vun engem kontinuéierlechen Austausch wärend dem Cycle 4. D’Decisioun baséiert sech op:

  • d’Leeschtunge vum Kand wärend dem Zykle 4 (4.1 a 4.2), déi Opschloss ginn iwwer säi Léieren, seng Interessien a seng Ziler;

  • dem Kand seng Tëschebilanen (4.1 a 4.2);

  • d’Resultater vum Kand bei den Épreuves communes (4.2);

  • d’Aschätzunge vum Psycholog, wann Dir dat gefrot hat.

    Dës Decisioun iwwer d’Orientéierung kann eng Präferenz fir eng spezifesch Schoul enthalen, jee no Profil vum Kand (z.B. international Schoulen, Privatschoulen ...).

Fir de Fall, datt Dir Iech net eens gitt mam Enseignant, gëtt eng Orientéierungskommissioun (commission d’orientation) aberuff, déi eng endgülteg Entscheedung hëllt.

Portes-ouvertes virtuelles
spacer