logo

ORIKA

D'ORIKA (ORIentatioun fir KAnner) bidd de Schüler eng Méiglechkeet fir e Bléck an e Lycée ze kréien. Esou verléieren d'Kanner eventuel Ängscht virum Lycée a sie kënnen sech besser virstelle wat sie an där "grousser Schoul" erwaard. Wärend e puer Stonnen huele sie un engem Cours am Lycée Deel a kënne Froë stellen, Ideeë sammelen a sech en Iwerbléck verschaafe wat am Lycée alles ugebuede gëtt.

D'ORIKA riicht sech un all d'Schüler aus dem Zykle 4.1 a 4.2.

D'Schoul Useldeng geet an den ALR (Atert Lycée Redange) fir d'ORIKA.

Méi zum Thema ORIKA fannt Dir ënner Atert Lycée Redange.

D'ORIKA am ALR:

fotoen_orika

close button
spacer