
Nodeems d’Klassen aus dem Zykle 1 iwwer Jore reegelméisseg an de Bësch gaange sinn a mir gesinn hunn wéi d’Kanner sech do an alle Beräicher positiv entwéckelen, ass d’Iddi fir eng Bëschklass unzebidden, entstanen.
Nodeems mir den Accord vum Schoulcomité, dem Educatiounsministère, der Regionaldirektioun an der Gemeng kruten, hu mir am Fréijoer 2019 an enger Informatiounsversammlung den Elteren de Projet viirgestallt.
Zënter September 2019 si Precoce- a Spillschoulskanner gemëscht an der Bëschklass ageschriwwen. D’Kanner gi bei all Wieder Méindes-, Dënschdes, Mëttwochs an Donneschdegmoies an de Bësch „an Hiesel“ an notzen do de Bësch als Schoulraum.
De Bësch bitt de Kanner den ideale Raum wou si sech d’Kompetenzen aus dem Plan d‘études kënnen uneegnen andeems si mat hiere 5 Sënner léieren an erliewen.
D’Léieren am Bësch erméiglecht de Kanner fir hierem natierleche Beweegungsdrang gerecht ze ginn an duerch Sënneserfarungen sech selwer an hier Ëmwelt ze spieren a kennenzeléieren an dobäi ze léieren.
Dat natierlecht Ëmfeld bitt de Kanner Raum, Zäit , Rou, Spillmaterial sou wéi Spillsituatiounen, Sproochgelegenheeten a Bezéiungen déi si brauche fir ze léieren.
„Tatsächlich zeigen Studien, dass Kinder in einem unstrukturierten, natürlichen Umfeld kreativer spielen als drinnen. In einem für unterschiedliche Spielideen offenen Gelände mit Wiesen und Büschen dagegen läuft die Anerkennung in der Gruppe deutlich stärker über Sprachkompetenz, Kreativität und Erfindungsreichtum. Je komplexer die Anforderung der Umwelt, desto eher werden vielfältige Kompetenzen gefördert -und belohnt.“(Herbert Renz-Polster, Gerald Hüther ; Wie Kinder heute wachsen, 2013,S.49)
Folgend Fotoe weisen Iech wéi d’Erliewen an d’Léieren an der Bëschklass ausgesäit. Mir freeën eis op Äre Feedback.