logo

Bëschklass

Nodeems d’Klassen aus dem Zykle 1 iwwer Jore reegelméisseg an de Bësch gaange sinn a mir gesinn hunn wéi d’Kanner sech do an alle Beräicher  positiv entwéckelen, ass d’Iddi fir eng Bëschklass unzebidden, entstanen.

Nodeems mir den Accord vum Schoulcomité, dem Educatiounsministère, der Regionaldirektioun an der Gemeng kruten, hu mir am Fréijoer 2019 an enger Informatiounsversammlung den Elteren de Projet viirgestallt.

Zënter September 2019 si Precoce- a Spillschoulskanner gemëscht an der Bëschklass ageschriwwen. D’Kanner gi bei all Wieder Méindes-, Dënschdes, Mëttwochs an Donneschdegmoies an de Bësch „an Hiesel“ an notzen do de Bësch als Schoulraum.

De Bësch bitt de Kanner den ideale Raum wou si sech d’Kompetenzen aus dem Plan d‘études kënnen uneegnen andeems si mat hiere 5 Sënner léieren an erliewen.

D’Léieren am Bësch erméiglecht de Kanner fir hierem natierleche Beweegungsdrang gerecht ze ginn an duerch Sënneserfarungen sech selwer an hier Ëmwelt ze spieren a kennenzeléieren an dobäi ze léieren.

Dat natierlecht Ëmfeld bitt de Kanner Raum, Zäit , Rou, Spillmaterial sou wéi Spillsituatiounen, Sproochgelegenheeten a Bezéiungen déi si brauche fir ze léieren.


„Tatsächlich zeigen Studien, dass Kinder in einem unstrukturierten, natürlichen Umfeld kreativer spielen als drinnen. In einem für unterschiedliche Spielideen offenen Gelände mit Wiesen und Büschen dagegen läuft die Anerkennung in der    Gruppe    deutlich    stärker    über Sprachkompetenz,    Kreativität    und Erfindungsreichtum.  Je  komplexer  die Anforderung  der  Umwelt,  desto  eher werden  vielfältige  Kompetenzen  gefördert -und  belohnt.“(Herbert  Renz-Polster, Gerald Hüther ; Wie Kinder heute wachsen, 2013,S.49)

Folgend Fotoe weisen Iech wéi d’Erliewen an d’Léieren an der Bëschklass ausgesäit. Mir freeën eis op Äre Feedback.

Fräispill

fraispill

Mir bastelen e Kleeschen

bricolage_kleeschen

Am Schnéi

am_schni

Entdeckungen um Wee an de Bësch

ennerwee

Spill a Beweegung

spill_a_beweegung

Slagline

slagline

Eiii, wat e Bulli

eii_wat_e_bulli

De Bësch am Hierscht

besch_am_hierscht

Konscht

konscht

Omelett am Bësch

omelett_am_bsch

Beim Iessen

beim_iessen

Popcorn am Bësch

popcorn_am_bsch

Mathé a Sprooch

mathe_a_sprooch

Déieren am Wanter

deieren_am_wanter

Mir erzielen eng Geschicht

geschicht_erzielen

Kachen um Feier

kachen_um_feier

Filmer

Folgende Film bidd Iech e flotten Abléck an déi lieweg Schoulwelt vun de Kanner aus der Bëschklass.

Lidd
Hei kënnt dir Iech d'Lidd "Hey, ech sinn e Bëschkand" ulauschteren.
Reportage SWR

Klickt hei fir de Reportage "Waldkinder - Grosswerden in der Natur" vum SWR ze gesinn.

spacer