"Kanner fir Kanner" ass e Schoulprojet bei deem déi Useldenger Schoulkanner sech zesumme fir e gudden Zweck asetzen.
Aktuell gi bei dësem Schoulprojet 3 Aktivitéiten ëmgesat:
Kuch verkafen
Chrëschtmaart
Spendemarathon
Kuch verkaafen:
D'Kanner aus dem Zykle 4 verkafe virun de Vakanze Kuch fir e gudden Zweck.
D'Léierpersonal bréngt Moies e Kuch oder eng Taart mat an d'Schoul. D'Schüler(innen) aus dem Zykel 4 preparéieren zwee Verkafsstänn a verkafen hire Matschüler virun a wäerend der Paus déi séiss Schneekegkeeten.
D'Suen gi gesammelt an um Enn vum Schouljoer gespent.
kuch_verkafen
Chrëschtmaart:
Wärend de Méint virum Chrëschtmaart lafen d'Preparatiounen op Héichtouren. D'Léierpersonal bastelt mat de Schüler(innen) eng Panoplie un Dekoratiounsartikelen déi bei déi wanterlech Feierdeeg passen.
Um Chrëschtmaart op der Buerg gin d'Bastelaarbechte vum Zykle 1 bis 4 vum Léierpersonal verkaf.
D'Suen gin um Enn vum Schouljoer gespent.
Spendemarathon:
Déi jonk Leefer sichen sech am Virfeld eng oder méi Sponsoren déi pro gelaafenem Tour e fräiwëlleg fixéierte Montant spenden. All Sponsore leeën och e Maximalmontant fest.
Den Dag vum Spendemarathon, lafen d'Schüler(innen) esou vill Tier um Parking virun der Schoul wéi si packen. Sie bestëmmen heibäi selwer wéi séier si lafen a wéifill Ronnen si absolvéieren. Pro Ronn kritt all Leefer e Lastik fir ëm d'Handgelenk.
No der Course gin d'Tier unhand vun de Lastike gezielt an den Enseignant deel deene verschiddene Sponsore mat wéifill hire Leefer gelaf ass a wéie Montant sech doraus ergëtt.
D'Suen ginn agesammelt an um Enn vum Joer gespent.
Wat geschid mat de Suen?
2021-2022:
Den Erléis vum Joer 2022-2023 gëtt un "Actions pour un monde uni" gespend. D'AMU ënnerstëtzt ënner anerem Projeten a Bolivien.
2021-2022:
"Le soleil dans la main" krut am Schouljoer 2021-2022 en Deel vum Erléis vum Kucheverkaf a vum Spendemarathon gespend.
Dës Kéier si keng Suen gesammelt ginn, mee Hygièneartikelen an Iesswueren, grad wéi warm Decken a Kleeder déi mat Hëllef vun de Gemengenaarbechter aus der Gemeng Useldeng ënnert der Leedung vun der Gemeng Saeul un d'Krichsaffer an d'Ukrain geschéckt gi sinn.
Den "Télévie-Mäerzeg" krut am Schouljoer 2021-2022 en Deel vum Erléis vum Kucheverkaf a vum Spendemarathon gespend.
2019-2020:
D'Suen ginn un UNICEF gespent. De gespente Montant gëtt agesat fir verschidden Aktiounen an de Bëscher an Afrika ze finanzéieren.
2018-2019:
D'Madamm Kneip Lena vun der ONG "Le soleil dans la main" ass an d'Schoul komm fiir de Schüler ze erkläre wat mat de gesammelte Sue geschitt a wéi se um Terrain agesat gin.
"Le soleil dans la main" krut am Oktober 2019 eng Zomme vun 8500 € gespent.
2017-2018:
D'AMVA (Association des malvoyants et aveugles) krut am Hierscht 2017 vun der Schoul Useldeng e Scheck am Wäert vu 4000 Euro iwwerreecht.