Des Kéier stoung Geometrie um Programm. Bei deem enge Spill hunn d'Kanner d'Symmetrie mat engem Spigel erfuerscht. Op enger Kaart sinn zwou oder dräi Fläche gemoolt (Dräieck, Quadrat oder Parallelogramm), oder Récksäit ass eng geometresch Form. Zil ass et, dës Form als Symmetrie nozebauen. Dat heescht een Deel vun der Form läit virum Spigel an déi aner spigelt sech eben doran.
Bei engem anere Spill mussen d'Kanner mat Holzwürfelen eng bestëmmte Form, déi op enger Kaart ofgebild ass, nobauen. Jidfereen dierf nëmmen ee Würfel réckelen. Bréngt een et esou net fäerdeg, d'Form nozebauen, ass et um Nächsten. Ass d'Form richteg, gëtt déi nächst Kaart geholl.
Bei deem leschten Geometrie-Spill geet et vill ëm raimlech Wahrnehmung, well d'Kanner kréie véier Kärtercher, wéi hieren Opbau aus deene véier Himmelsrichtunge muss ausgesinn. Si mussen dann d'Quader esou um Spillfeld plazéieren, dass et aus all Richtung gutt ass. Dat ass guer net einfach, well si sech genee iwwerleeë mussen, a wéi eng Richtung se réckelen dierfen, ouni dass et aus der anerer Richtung falsch gëtt.
Nierft deenen dräi Geometrie-Spille hu mer och nach e Spill fir d'Rechnen an d'Erfaasse vu Mengen ze fërdere gespillt.