logo
Cycle 3 (C3) - Schoul Eilereng

Mir trainéieren Hörverstehen um Computer

20. Dezember 2018

D'Enseignanten erschafen en Online-Questionnaire. Et kënnen Froe mat enger oder méi richtegen Äntwerte sinn (Questions à choix multiple och QCM genannt), richteg-falsch-Froen oder Froe wou eng genee Äntwert muss agetippt ginn. D'Kanner lauschtere mat hirem Kopfhörer en Video- oder Audioextrait a probéieren d'Froe vum Questionnaire ze beäntwerten.

Firwat ass dës Aarbechtsweis interessant?

  • D'Kanner kënnen a Rou schaffen, si hunn hire Kopfhörer a kënne sech voll a ganz op den Audio konzentréieren.
  • Si kënnen den Audio (hei lénks um Bildschirm) selwer stoppen, zréck goen, no vir goen, nach eng Kéier lauschteren, erëm zréckgoen...
  • Gläichzäiteg kann de Schüler d'Fro (hei riets um Bildschirm) kucken an se net esou séier vergiessen oder sech vergewësseren, dass hien op der richteger Plaz am Text ass.
  • Wann de Noper awer eng Kéier Kaméidi mécht (z.B hien houscht), ass dat kee Problem, d'Kand kann et jo nach eng Kéier lauschteren.
  • D'Kand kritt direkt gesot, ob seng Äntwert richteg war (an wat déi richteg gewierscht wir).
  • D'Kanner sinn immens motivéiert, och well si um grousse Bildschirm an der Klass gesinn, wéi hire Fortschrëtt ass.
  • Ofkucke bréngt net vill, well mir astelle kënnen, dass d'Froen an déi proposéiert Äntwerten duerchernee präsentéiert ginn.
  • D'Enseignante an d'Eltere kréien herno e Feedback, wéi eng Froen et waren, wéi d'Kand geäntwert huet an eng Iwwersiicht wéivill Prozent vun den Äntwerte richteg waren.

Op déi selwescht Aart a Weis schaffe mer och heiansdo mat geschriwwenen Texter.

Schoul Eilereng

Bibliothéik

20. Dezember 2018

Kanner liesen anere Kanner aus hierem oder engem anere Cycle an der Bibliothéiksstonn eppes vir.

Klass Ronny WESTER (C4.2) - Schoul Zolwer 2000

Virliesung Jemp Hoscheit

18. Dezember 2018

Haut war de bekannte letzebuerger Auteur Jemp Hoscheit bei eis zu Besuch an huet aus engem neie Kannerbuch "de Schmunzel"  virgelelies

Atelier Zeechnen a Molen - Schoul Eilereng

Atelier Zeechnen: 3D zeechnen

14. Dezember 2018

Klass Ronny WESTER (C4.2) - Schoul Zolwer 2000

1.Hellef Cours C4.1

3. Dezember 2018

Zu Zolwer wessen Kanner lo wat am Noutfall ze maachen ass

©2025 Schoul Suessem • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
SCHOULFESTER 2023

BIELES-POST : MËTTWOCH 12. Juli 2023

D'Kanner an d'Léierpersonal géifen sech freeën, Ärch alleguer op hierem Fest begréissen ze kënnen.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Aktiv Klassen op de Websiten
27.6.2025
Schoul Eilereng
26.5.2025
Klass Martine BEAUME
25.5.2025
Schoul Suessem
25.5.2025
Schoul Suessem
21.3.2025
Cycle 3 (C3)
26.1.2025
Cycle 2 (C2)
spacer