Bei der Editioun 2021 hunn nees vill Schülerinnen a Schüler matgelies. All Schüler dee matgemaach huet, krutt ee Bong fir d’Babbelbier an d’Mia e Bong vun der Librairie Zimmer vun Dikrech.
Hei fannt dir dem Mia säi Video! Hat liest aus dem "Harry Potter und der Stein der Weisen".
De Virliesconcours fir d’Kanner aus dem Cycle 4 ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert.
Sou wéi déi lescht Jore steet de Virliesconcours ënnert engem Thema; dëst Joer ass et Thema vun der
Famill
Jiddereen vun eis ass vun dësem universellen Thema betraff. Déi eng, well se u schéin Erliefnesser denken, anerer well se vläicht och scho schwéier Momenter an der Famill erlieft hunn an dacks op d’Ënnerstëtzung vu Familljememberen ziele konnten. Am Lockdown hu mir eng intensiv Zäit mat engem Deel vun eiser Famill verbruecht, an aner Familljememberen vermësst, déi mer vill ze wéineg gesinn hunn. Et war schwéier, seng Léifst ze schützen, andeems ee vun hinnen ewechbliwwen ass.
Mä och am Normalfall ass d’Thema Famill omnipresent, sief et well et witzeg, komesch, traureg oder ergräifend Situatiounen an der Famill gëtt, oder well sech eng Familljesituatioun geännert huet a mir eis ëmstelle hu missen. Haut gëtt et souvill Forme vu Famill: Patchwork-Famillen, eleng erzéiend Elteren, gläichgeschlechtlech Elteren, Adoptivfamillen, Fleegefamillen... An dach hu se all eppes gemeinsam: si liewen an erliewen villes zesummen, mol Guddes, mol manner Guddes.
Dëst wichtegt Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och a neie Bicher, vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Texter derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.