logo

Actualités

Wëllkomm

Wëllkomm um Website vun der Grondschoul Steesel. Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. Vill Spaass beim Entdecken.

News

D'Grouss Vakanz huet ugefaangen

25. Juli 2024

No engem opreegende Schouljoer mat ville flotten Aktivitéiten a ville neie Saachen, déi d'Kanner geléiert hunn, ass da lo Grouss Vakanz.

Mir wënschen all de Kanner, den Elteren & den Enseignants e puer flotter an erhuelsamer Deeg, sou datt mer all zesummen am September rem kënnen mat neier Energie an dat neit Schouljoer starten! 

Den Ouschterhues on tour ze Steesel

20. März 2024

steeseler_bunny_on_tour.pdf

D'Steeseler Schoul bei der Lego League

7. März 2024

 Den 22.2.24 war an der Stat am Forum um Geeseknäppchen d’Qualifikatioun fir d‘First Lego League ze Lëtzebuerg. Do duerfe Kanner a Jugendlecher vun 9 bis 16 Joer deel huelen an Zil ass et, verschidden Aufgaben am Beräich Robot Game, Robot Design, Innovation Project an Teamwork. D’Steeseler Schoul war och mat enger Equipe vertrueden, déi vum Isabelle Flick a Carole Schmit encadréiert gouf. Si hunn et op Anhieb gepackt, sech fir d’Final vum 24.2. ze qualifizéieren. Och do hu si gutt ofgeschnidden a kruten déi 3. Plaz an der Kategorie Robot Design.

An hierem Innovation Project hunn si sech mam Thema Ornithologie beschäftegt.

Als Steeseler Schoul félicitéiere mir de Schülerinnen a Schüler an och deenen 2 Enseignantë vun den Äerdbierfiiss, déi sech op dësen Défi aglooss an sou gutt ofgeschloss hunn! BRAVO!

Wantermaart an der Steeseler Schoul

3. November 2023

Wantermaart

3. November 2023

Mir sinn frou iech matzedeelen, datt d'Steesler Grondschoul zesummen mat der Maison Relais Äerdbiersnascht den 24. November vun 16 bis 19 Auer ee grousse Wantermaart um Schoulcampus Steesel organiséieren. 

Fir Iessen a Gedrénks ass selbstverständlech gesuergt an dir kënnt do och schon éischt Kadoen fir d'Chrëschtdeeg kafen.

Dir sidd all häerzlech invitéiert bei eis laanscht ze kommen. 

Klickt de Flyer un, do fannt dir all d'Détailler.

20231103075114_plakat_wantermaar.pdf
©2025 Steeseler Schoul • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsPress InfoContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Brochure Organisation Scolaire
Dossier personnel
spacer
spacer