logo

+ + + News - Archiv + + +

Hei kënnt dir all déi lescht Noriichten a Messagen noliesen déi mir a leschter Zäit op eisem Site publizéiert hunn. Vill Spaass bei der Lecture!

Informatiounsowend fir d‘Schnéiklassen 2020

16. Oktober 2019

Vill Elteren a Kanner haten de Wee op Lamadelaine an de Centre de loisirs fonnt fir sech iwwer d‘Editioun 2020 vun de Schnéiklassen ze informéieren. Vum 15. bis 23. Januar geet et fir déi 3. Kéier op Steinach am Brenner. Méi Informatiounen dozou kënnt dir noliesen op http://classedeneige.schoul.lu

ELTEREN-Informatiounsowend

16. Oktober 2019

Informatiounsowend fir d'Elteren vun de Kanner déi mat an d'Schnéiklassen 2020 fueren: Mëttwoch 16. Oktober 2019 um 19:30 Auer zu Lamadelaine am "Centre de Loisirs". // Soirée d'information pour parents d'élèves (participant aux classes de neige 2020): le 16 octobre 2019 à 19h30 au centre de loisirs à Lamadelaine.

Filmowend Schnéiklassen‘2019

26. Juni 2019

Um vläit wäermsten Dag vum Joer hu mir de Kanner an den Elteren vum Cycle 4.2 de Film vun de Schnéiklassen 2019 gewisen. Merci datt dir trotz dem waarme Wieder esou zahlräich komm sidd !

Äddi Schnéiklassen 2019!

2. Februar 2019

D‘Schnéiklassen 2019 sinn eriwwer. Et wier net méiglech gewiecht 182 Schoulkanner ouni eist Superteam vun 30 Erwuessenen ze betreien a fir di néideg Animatioun ze suergen. E grousse Merci un d‘Léierpersonal, un d‘Begleedpersonal, un eis Dokteren an un d‘Chauffeuren déi eis all gutt heem bruecht hunn! BRAVO! Äddi CDN2019!
©2025 Association Classe de Neige de la Commune de Pétange asbl • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.

NEWS
Archiv

Juli
16
Mëttwoch
spacer