logo

+ + + News - Archiv + + +

Hei kënnt dir all déi lescht Noriichten a Messagen noliesen déi mir a leschter Zäit op eisem Site publizéiert hunn. Vill Spaass bei der Lecture!

+ + + Classes de neige 2023 / FOTOEN + + +

20. Januar 2023

D'Schnéiklassen'2023 si fäerdeg. Kuckt iech elo all d'Fotoen vun der Editioun 2023 un! Klickt HEI

Les classes de neige 2023 sont terminées. Venez jeter un coup d'oeil sur toutes les photos du séjour 2023! Cliquez ICI

Schnéiklassen/CDN 2023... Endlech!

1. November 2022

D'Virbereedunge lafen op Héichtouren! No zwee Joer Zwangspaus wéinst Covid gesäit et gutt aus fir d'Schnéiklassen 2023. Mat enger neier Destinatioun: wéinst ëmmer méi Schoulkanner war den Organisatiounscomité gezwongen, eng nei "Heemecht" fir d'Schnéiklassen ze sichen. Si hunn eppes fonnt an dir kënnt um Site vun de Schnéiklasse kucken, wou d'Rees dann elo higeet... (http://classedeneige.schoul.lu)

CLASSE DE NEIGE / Schnéiklassen 2020

13. Januar 2020

Déi lescht Virbereedunge lafen op Héichtouren! D'Schnéiklassen 2020 komme lues awer sécher méi no. Départ ass e Mëttwochowend, de 15. Januar! Steinach, mir kommen... 

ELTEREN-Informatiounsowend

16. Oktober 2019

Informatiounsowend fir d'Elteren vun de Kanner déi mat an d'Schnéiklassen 2020 fueren: Mëttwoch 16. Oktober 2019 um 19:30 Auer zu Lamadelaine am "Centre de Loisirs". // Soirée d'information pour parents d'élèves (participant aux classes de neige 2020): le 16 octobre 2019 à 19h30 au centre de loisirs à Lamadelaine.

CLASSE DE NEIGE / Schnéiklassen 2019

17. Januar 2019

Déi lescht Virbereedunge lafen op Héichtouren! D'Schnéiklassen 2019 komme lues awer sécher méi no. Départ ass en Donneschdenowend, de 24. Januar! Steinach, mir kommen... 😃🎿

ELTEREN-INFO-OWEND

17. Oktober 2018

Informatiounsowend fir d'Elteren vun de Kanner déi mat an d'Schnéiklassen 2019 fueren: Mëttwoch 17. Oktober 2018 um 19:30 Auer zu Lamadelaine am "Centre de Loisirs". // Soirée d'information pour parents d'élèves (participant aux classes de neige 2019): le 17 octobre 2018 à 19h30 au centre de loisirs à Lamadelaine.

Infos Départs

10. Januar 2018

Au courant des prochains jours, les parents d'élèves du cycle 4.2 recevront toutes les informations nécessaires concernant les lieux et les horaires de départ pour les classes de neige 2018. Un document sera distribué aux élèves en classe en fin de semaine.

Elteren-Info-Owend

18. Oktober 2017

Informatiounsowend fir d'Elteren vun de Kanner déi mat an d'Schnéiklassen 2018 fueren: Mëttwoch 18. Oktober 2017 um 19:30 Auer zu Lamadelaine am "Centre de Loisirs". // Soirée d'information pour parents d'élèves (participant aux classes de neige 2018): le 18 octobre 2017 à 19h30 au centre de loisirs à Lamadelaine.

CDN'2018

7. Oktober 2017

No 14 Joer Schnéiklassen am Jufa Sigmundsberg am wonnerschéine Mariazellerland steet 2018 eng nei Destinatioun um Programm: Jufa Wipptal zu Steinach am Brenner, Tirol. Déi steigend Kannerzuel ass den Haaptgrond firwat mir eis hu missten fir e Wiessel entscheeden.

Rentrée 2017-2018

19. September 2017

Mat der Schoulrentrée fänken dann och lues awer sécher d'Präparativen fir d'Organisatioun vun de Schnéiklassen'2018 un. Dës fanne statt vum 25. Januar bis den 2. Februar 2018 zu Steinach am Brenner, Tirol, Éisträich.

CDN'2017

4. Februar 2017

D'Schnéiklassen 2017 sinn zu Enn: Kuckt iech d'Fotoen vun dëser flotter Woch nach ee Mol un! / Les classes de neige 2017 sont terminées: Jetez un coup d'oeil sur les photos de ce formidable séjour!

Fotoen 2017

27. Januar 2017

Di éischt Fotoen vun de Schnéiklassen 2017 zu St.Sebastian/Mariazell sinn online ! Les premières photos du séjour 2017 en classe de neige peuvent être visualisées sur notre site !

Infos Départ

18. Januar 2017

Sämtlech Informatiounen iwwer den Départ vun deene 5 Bussen sinn elo op eiser Startsäit affichéiert: Klassen, Standuert, Auerzäit // Retrouvez toutes les informations concernant le départ des 5 bus sur notre page d'accueil.

Under construction

12. Januar 2017

Dëst ass deen neien Internetsite vun de Schnéiklassen aus der Gemeng Péiteng. Natierlech sinn nach ganz vill Saachen net fäerdeg oder funktionéieren nach net. Lues a lues wäert sech eppes dorunner änneren. Mir soen iech merci fir Är Gedold ;-)

Fotoen

12. Januar 2017

Fir d'Fotoen vun de Schnéiklassen 2017 ze kucken, einfach uewen am Menü op [Fotoen] klicken!
Si vous désirez jeter un coup d'oeil sur les photos du séjour en classe de neige 2017, cliquez sur [Fotoen] dans la barre du menu.

 

Schnéiklassen / Classes de neige 2025

21. Januar 2025

D'Schnéiklassen 2025 si leider fäerdeg. Hei kënnt dir iech nach ee Mol all d'Fotoen vun dëse flotten 8 Deeg am Schnéi ukucken: https://sites.schoul.lu/oli/lu/schoolweb/-/ZspEAjSuFg/5065_50580/
Les classes de neige 2025 sont terminées. Revivez 8 jours exceptionnels dans la neige en regardant les photos du séjour: https://sites.schoul.lu/oli/lu/schoolweb/-/ZspEAjSuFg/5065_50580/
Vive l'édition 2026...

+++ Classes de neige 2025: GUDD UKOMM! LES 6 BUS SONT BIEN ARRIVÉS! +++

10. Januar 2025

D'Schoulkanner aus dem Cycle 4.2 vu Péiteng, Rodange a Lamadelaine an déi ganz Equipe vun de Schnéiklassen si gutt am Jugendgästehaus "Gerlosplatte" zu Hochkrimml am Zillertal ukomm!
Enfants, personnel enseignant et accompagnateurs sont bien arrivés à l'auberge "Gerlosplatte" à Hochkrimml/Zillertal. Nous leur souhaitons un agréable séjour!
Infos et photos de l'édition 2025 bientôt ici sur le site http://classedeneige.schoul.lu

Schnéiklassen / Classes de neige 2025

7. Januar 2025

D'Schnéiklassen 2025 fannen vum 9. bis 17. Januar 2025 statt. Méi Informatiounen iwwer déi ganz Organisatioun an demnächst dann och Fotoen zur Editioun 2025 op: http://classedeneige.schoul.lu

+++ CDN 2024 - Arrivée +++

19. Januar 2024

Tous les bus sont bien arrivés dans la commune de Pétange vers 21h30 dans la soirée du vendredi 19 janvier. 
©2025 Association Classe de Neige de la Commune de Pétange asbl • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.

NEWS
Archiv

Juli
15
Dënschdeg
spacer