Schoul Eilereng
KR Kreativatelier Léierspiller
17. Dezember 2019
Déi lescht zwou Wochen hu mer vill un der Multiplikatioun respektiv un der Basis vum 1mal1 geschafft. Um Ufank hunn d'Kanner a Gruppen d'Käertercher sortéiert: jeweils eng blo an eng gring passen beieneen. Dobäi muss op d'Schrëft opgepasst ginn. ("3 mol 4" an "4 mol 3" gëtt zwar dat selwescht Resultat, ass awer net déi selwescht Rechnung).
Duerno hu mer e puer Spiller gemaach, fir dass d'Schüler sech op dem Spillfeld (eigentlech e Feld, wat d'Multiplikatiounen bis 6 duerstellt) erëmfannen. - D'Kanner mussen een nom aneren d'Käertercher (blo, gring, duercheneen) op déi richteg Plaz um Spillfeld leeën.
- Den Enseignant setzt een Däppchen op ee Feld an je ee Kand aus all Grupp muss dat passend Stéck op en aneren Dësch siche goen. Dobäi hunn déi Kanner e Virdeel, déi verstinn, wéi d'Spillfeld opgebaut ass. Déi eng hunn dat ganz séier eraus, déi aner brauche méi laang. Et fällt op, dass déi Ekipp, an däer d'Kanner sech ënnerstëtzen a géigesäiteg hëllefen, vill méi séier fäerdeg ass.
- Den Enseignant moolt eng Këscht mat engem Resultat op e wäisst Blat, d'Kanner mussen déi Käertchen/Zuel/Rechnung siche goen, déi driwwer, drënner, doniewt, diagonal... passt.
- Nodeems schon e puer blo Käertercher op d'Spillfeld geluecht goufen (==> Punkt 2), mussen d'Kanner déi gring Plakk siche goen, déi dohi passt, wou den Däppchen steet. Esou musse si fir d'éischt erfaassen, wéi eng Rechnung dohi passt, duerno musse si op deen aneren Dësch dat richtegt Resultat zu der Rechnung siche goen. Dëst ass vereinfacht, well jo just nach verschidde Plaze fräi sinn.
Virwat? - Op des Manéier verstinn d'Kanner den Opbau vun enger Multiplikatioun, si verstinn d'Verbindung mat de Flächen.
- Och hu mer gesinn, firwat verschidde Zuelen "Quadratzuele" sinn, nämlech déi, wou d'Form vun der Plakk quadratesch ass / déi wou een eng Zuel mat sech selwer multiplizéiert.
- Si léieren, wou déi eng Resultater zu deenen aneren stinn, dëst erméiglecht et hinnen spéider Strategien ze ëntwéckelen, wann si ee Resultat vum 1mal1 net (méi) wësssen.
- Si verbannen d'Rechnung(blo) mam Resultat (gring).
- Si gesinn, dass verschidde Resultater e puer mol um Spillfeld sinn.
- Ganz niewebäi ass den Tableau à double Entrée widderholl/agefouert ginn, d'Spillfeld ass eigentlech näischt anescht...
- D'Kanner waren a Bewegung an hunn erlieft, dass Ekippegeescht zu bessere Resultater féiert.
Mir hunn awer och nach verschidden aner Léierspiller gemaach, virun allem fir de Wuertschaz ze stäerken, ze mobiliséieren.
Cycle 2
Science Center
12. Dezember 2019
Haut war de Cycle 2 an de Science Center. Mir si mat ëffentlechen Transport (Zuch a Bus) gefuer. D'Kanner konnte vill Saache selwer probéieren, an duerno hu mer nach eng Elektro-Show gesinn.
Cycle 3
Nous apprenons les prépositions
1. Dezember 2019
Comme "on retient mieux ce qu'on fait que ce qu'on entend ou voit", nous travaillons avec les prépositions par groupes de trois élèves. Un élève tire une carte et doit dire à ses collègues dans quelle position les choses ou personnes se situent les unes par rapport aux autres. Si les images (plastifiées) ont été correctement placées dans les fentes de la pièce de bois, c'est à un autre élève de prendre une nouvelle carte et de donner les consignes. Ainsi, tous les élèves doivent mobiliser leurs connaissances de façon active (en donnant les consignes) et passive (en entendant les consignes). En plus, les enfants peuvent bouger, ce qui augmente les chances d'apprentissage.
Atelier Zeechnen a Molen
Schoul molen
29. November 2019
An deene läschten 3 Wochen hu Kanner aus dem Atelier Zeechnen a Molen rëm an der Schoul ugestrach, an de Gank virum Cycle 2 ass elo bis op e puer Detailer quasi fäerdeg!
|