Mir hun haut vum Schnéi profitéiert a waren Schlitt fueren. Dat war herrlech, d'Kanner hu sech richteg vill beweegt a verschiddener hunn geléiert, wéi ee mat engem Schlitt steiere kann. Dat ass awer net ëmmer "riichtgaang"...
Comec EHL
Liesnuecht
26. Januar 2018
Vum Freideg dem 26. Januar op e Samschdeg de 27. Januar hat d'Eilerenger Schoul hir Liesnuecht. Kanner aus alle Cycles sinn ab 18:00 Auer zréck an d'Schoul komm. Verschidde Kanner hunn anere Kanner virgelies, duerno hu mer zesummen dobausse beim Lagerfeier giess. Nom Iessen ass nach eng Kéier virgelies ginn, an dunn hunn d'Kanner an der Schoul geschlof. Samschdes Moies konnten d'Elteren d'Kanner rëm siche kommen.
Mir sin amgaang dat däitscht Buch "Ganz geheim" ze liesen. Reegelméisseg schaffe mer do online un engem Questionnaire. D'Kanner mussen an de Gruppen am Buch déi richteg Äntwert sichen an se genee antippen. Wann se richteg ass, fiert hirt Einhorn/Rakéit/Velo... um grousse Bildschierm weider. Et geet drëm net nëmme séier eppes dohinzetippen, well wann d'Äntwert falsch geschriwwen ass, kënnt d'Grupp net weider a si gi vun deenen aneren iwwerholl... D'Kanner sinn immens motivéiert!
Comec EHL
Wanterfest
13. Dezember 2017
E Mëttwoch den 13. Dezember war eist Wanterfest, dës Kéier déi éischte Kéier bei der Schoul selwer mat Raclette, Kniddelen a Winter Jack. Leider hate mer ganz schlecht Wieder, et huet gereent an et war kal, sou dass kee richtege Wanterfeeling opkomm ass.
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen
D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online: