logo
Schoul Eilereng

Schoulufank

16. September 2019

D'Equipe vun der Eilerenger Schoul wënscht alle Schüler an Elteren e gudde Start an dat neit Schouljoer 2019/2020 😀

Schoul Eilereng

Schéi Vakanz!

12. Juli 2019

D'Schoul Eilereng wënscht alle Schüler an Elteren eng schéi Vakanz bei hoffentlech guddem Wieder. Erhuelt iech gutt, de 16. September gesi mir eis erëm!

Schoul Eilereng

Schoulfest 2019

10. Juli 2019

Mol eng Kéier hate mer schéint Wieder op eisem Schoulfest! Et gouf gegrillt, Famillje konnten zesummen iessen, d'Kanner konnte Spiller maachen, an et gouf natierlech och Kaffi, Kuch a Popcorn.

Schoul Eilereng

Ausfluch

4. Juli 2019

Haut war déi ganz Schoul Eilereng (Cycles 1 bis 4) op den Ausfluch an d'Grottes de Han (BE). Moies du mer eng Safari am Déierepark gemaach, mir hu Wëll Schwäin, Wëllef, Bieren, Bisons a ganz vill aner Déiere gesinn. An der Mëttesstonn hu mer e Picknick op der Spillplaz gemaach, duerno si mer mam Tram bei d'Grott gefuer a sinn dunn déi 4 km duerch de Bierg gangen. Fotoe komme no a no...

378 Biller alles uweisen
378 Biller alles uweisen
Schoul Eilereng

Waasserschlacht

26. Juni 2019

Haut de Mëtteg hunn den C2, den C3 an den C4 eng Waasserschlacht gemaach fir d'Hëtzt ze iwwerbrécken.

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Wichteg Terminer
Schoulsportdag 2025
27. Juni 2025 fir all Kanner aus der Schoul Eilereng.
Ausfluch 2025
Grottes de Han, 14. Juli 2025.
Schoulfest 2025
Fällt aus organisatoresche Grënn leider aus, ass fir d'Kanner kombinéiert mam Schoulsportsdag de 27. Juni.
Wanterfest 2025
nach net festgeluecht...
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Externer Inhalt: Anzeige von Inhalten von google.com erlauben?
Ich bin damit einverstanden, dass mir externe Inhalte angezeigt werden. Damit können personenbezogene Daten an Drittplattformen übermittelt werden. [Mehr dazu in unserer Datenschutzerklärung.]
externe Inhalte von google.com darstellen
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

spacer