logo
Klass: Blog

KR Kreativatelier Léierspiller

11. März 2019

Haut stung vill Sazbau um Programm. D'Kanner hu Säz zesummegebaut. Déi Grouss hun Säz op franséisch zesummegebaut, duerno hu si deene Klenge gehollef andeem se hinne gesot hunn, ob nach e Feeler an hierem (natierlech däitsche) Saz wier oder net. Dobäi si verschidde Reegele widderholl ginn. Ganz interessant war et herno d'Säz méi genee ze kucken a verschidden Unuerdnunge vun de Wierder ze analyséieren. Wéi eng Sazstrukture si méiglech, wéi eng si net richteg...

Donieft hu mer erëm eist Rechespill gemaach, dës Kéier huet et geheescht: grouss géint kleng. Natierlech war d'Aufgabestellung anescht. Déi Grouss hun 1mal1-Aufgabe (bis 10 mol 20) gewürfelt, déi Kleng hun Additiounen am Zueleraum bis 20 gemaach.

KR Kreativateliers

6. März 2019

Dëse Méinden hu mer am Kreativatelier ganz vill mat de LUK-Spiller geschafft. Do ass esouwuel Däitsch, Franséisch, Rechnen wéi och Logik a Legasthenie-Training gemaach ginn. D'Kanner kënne sech hei ganz flott selwer kontrolléieren an et ass einfach, jidferengem eppes ze ginn, wat sengem Niveau ëntsprécht. Duerno hu mer nach e bëssen eist Liiblingsspill gespillt. Do trëtt eng Ekipp géint déi aner am Rechnen un. Mat Würfelen stelle mer eis Aufgaben, natierlech kréien déi Grouss aner Aufgabe wéi déi Kleng... 

Virliesen

27. Februar 2019

E Mëttwoch de Mëtten hunn ab 15h20 d'Kanner aus dem C4 deenen aus dem C3 déi Geschichte virgelies, déi si geschriwwen haten. Et waren esouwuel franséich wéi och däitsch Texter. Well d'Wieder esou schéi war, hu mer dat am Haff gemaach. D'Elteren, déi kuerz viru Schoulschluss um Trottoire stounge waren invitéiert, sech d'Geschichten mat unzelauschteren.

Militärmusék

26. Februar 2019

Haut waren den C2 an den C3 op Invitatioun vun der Gemeng Suessem e Concert vun der Militärmusék am Artikuss kucken.

Zesumme kachen an iessen

15. Februar 2019

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.