logo
Klass: Blog

KR Kreativatelier Léierspiller

17. Dezember 2019

Déi lescht zwou Wochen hu mer vill un der Multiplikatioun respektiv un der Basis vum 1mal1 geschafft. Um Ufank hunn d'Kanner a Gruppen d'Käertercher sortéiert: jeweils eng blo an eng gring passen beieneen. Dobäi muss op d'Schrëft opgepasst ginn. ("3 mol 4" an "4 mol 3" gëtt zwar dat selwescht Resultat, ass awer net déi selwescht Rechnung). 

Duerno hu mer e puer Spiller gemaach, fir dass d'Schüler sech op dem Spillfeld (eigentlech e Feld, wat d'Multiplikatiounen bis 6 duerstellt) erëmfannen. 

  1. D'Kanner mussen een nom aneren d'Käertercher (blo, gring, duercheneen) op déi richteg Plaz um Spillfeld leeën.
  2. Den Enseignant setzt een Däppchen op ee Feld an je ee Kand aus all Grupp muss dat passend Stéck op en aneren Dësch siche goen. Dobäi hunn déi Kanner e Virdeel, déi verstinn, wéi d'Spillfeld opgebaut ass. Déi eng hunn dat ganz séier eraus, déi aner brauche méi laang. Et fällt op, dass déi Ekipp, an däer d'Kanner sech ënnerstëtzen a géigesäiteg hëllefen, vill méi séier fäerdeg ass.
  3. Den Enseignant moolt eng Këscht mat engem Resultat op e wäisst Blat, d'Kanner mussen déi Käertchen/Zuel/Rechnung siche goen, déi driwwer, drënner, doniewt, diagonal... passt.
  4. Nodeems schon e puer blo Käertercher op d'Spillfeld geluecht goufen (==> Punkt 2), mussen d'Kanner déi gring Plakk siche goen, déi dohi passt, wou den Däppchen steet. Esou musse si fir d'éischt erfaassen, wéi eng Rechnung dohi passt, duerno musse si op deen aneren Dësch dat richtegt Resultat zu der Rechnung siche goen. Dëst ass vereinfacht, well jo just nach verschidde Plaze fräi sinn.

Virwat?

  • Op des Manéier verstinn d'Kanner den Opbau vun enger Multiplikatioun, si verstinn d'Verbindung mat de Flächen.
  • Och hu mer gesinn, firwat verschidde Zuelen "Quadratzuele" sinn, nämlech déi, wou d'Form vun der Plakk quadratesch ass / déi wou een eng Zuel mat sech selwer multiplizéiert.
  • Si léieren, wou déi eng Resultater zu deenen aneren stinn, dëst erméiglecht et hinnen spéider Strategien ze ëntwéckelen, wann si ee Resultat vum 1mal1 net (méi) wësssen.
  • Si verbannen d'Rechnung(blo) mam Resultat (gring).
  • Si gesinn, dass verschidde Resultater e puer mol um Spillfeld sinn.
  • Ganz niewebäi ass den Tableau à double Entrée widderholl/agefouert ginn, d'Spillfeld ass eigentlech näischt anescht...
  • D'Kanner waren a Bewegung an hunn erlieft, dass Ekippegeescht zu bessere Resultater féiert.

Mir hunn awer och nach verschidden aner Léierspiller gemaach, virun allem fir de Wuertschaz ze stäerken, ze mobiliséieren.

 

Orika LGK (Cycle 4)

2. Dezember 2019

KR Kreativatlier Léierspiller

25. November 2019

Des Kéier stoung Geometrie um Programm. Bei deem enge Spill hunn d'Kanner d'Symmetrie mat engem Spigel erfuerscht. Op enger Kaart sinn zwou oder dräi Fläche gemoolt (Dräieck, Quadrat oder Parallelogramm), oder Récksäit ass eng geometresch Form. Zil ass et, dës Form als Symmetrie nozebauen. Dat heescht een Deel vun der Form läit virum Spigel an déi aner spigelt sech eben doran.

Bei engem anere Spill mussen d'Kanner mat Holzwürfelen eng bestëmmte Form, déi op enger Kaart ofgebild ass, nobauen. Jidfereen dierf nëmmen ee Würfel réckelen. Bréngt een et esou net fäerdeg, d'Form nozebauen, ass et um Nächsten. Ass d'Form richteg, gëtt déi nächst Kaart geholl.

Bei deem leschten Geometrie-Spill geet et vill ëm raimlech Wahrnehmung, well d'Kanner kréie véier Kärtercher, wéi hieren Opbau aus deene véier Himmelsrichtunge muss ausgesinn. Si mussen dann d'Quader esou um Spillfeld plazéieren, dass et aus all Richtung gutt ass. Dat ass guer net einfach, well si sech genee iwwerleeë mussen, a wéi eng Richtung se réckelen dierfen, ouni dass et aus der anerer Richtung falsch gëtt.

Nierft deenen dräi Geometrie-Spille hu mer och nach e Spill fir d'Rechnen an d'Erfaasse vu Mengen ze fërdere gespillt. 

Buffet Halloween

25. Oktober 2019

Mulch

25. Oktober 2019

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.