Mir hunn déi lescht Kéieren vill um däitsche Wuertschatz an um Sazbau geschafft. Dat hu mer zum Beispill mat Käertercher a Würfele gemaach. All Kand würfelt an ännert déi Elementer, déi beim Würfele gewise goufen (Sujet, Verb, Objet). Esou gëtt de Sazbau oft widderholl an d'Ënnerscheeder an der Konjugaison vun de Verbe gi verdäitlecht.
Mir hunn awer och vill am Rechne geschafft, och mat Würfelen. Do ginn et immens vill verschidde Méiglechkeeten:
Fir déi aus dem Cycle 2: just d'Zuel benennen (eestelleg an zweestelleg), d'Zuel verduebelen...
fir se alleguer: Wéivill feelt bis 10, déi eng Zuel minus déi aner...
fir déi grouss: Wéivill feelt bis 100, zwou Zuele multiplizéieren (1mal1)...
E beléift Spill ass den TickTackBumm. D'Kanner mussen heibäi Wierder sichen, déi eng bestëmmte Buchstawefolleg (op enger Käertchen) hunn. Fir d'Kanner aus dem Cycle 2 geet et duer, wann si e Wuert mat deem richtegen Anlaut fannen. Natierlech dierfe si och déi ganz Buchstawefolleg gebrauchen. Esou gëtt de Wuertschatz mobiliséiert an si léieren d'Wuertfamille kennen. Ganz oft kann een zesummegesate Wierder gebrauche, déi méi liicht ze fannen sinn wéi ganz neier.