Hei sinn e puer Fotoe vun verschiddenen Aktivitéiten aus de leschte Wochen.
1) Geometriespill an der Mathe: Hanner engem Schierm ass eng Figur aus verschiddene geometresche Kierper opgebaut. D'Kanner schaffen an Zweeërgruppen. Ee Kand kann hannert de Schierm d'Figur kucke goen a muss sengem Kolleg Uweisunge ginn, wéi deen d'Kierper muss opstelle fir déi ursprünglech Figur nozebauen. Dobäi gi natierlech déi richteg Nimm vun de Kierper gerbaucht an d'raimlecht Denke gëtt geschoult.
2) Nach ëmmer an der Geometrie huet den 3.1 e Kantemodell vun engem Würfel gebastelt.
3) Am Sport hu mer dobaussen Parkours gemaach, gewise gëtt, wéi d'Kanner sech iwwer e Gelänner hangelen. Mir hun awer och e puer spektakulär Spréng um Bam-Mikado an iwwer Mauere gemaach (keng Foto).
4) Mir haten eng kleng Coding-Aktivitéit. Déi zwou Madammen hu nëmme franséisch geschwat. Dat war eng zimlech Erausfuerderung.
5) An de Léierspiller hu mer d'Ein-mal-eins widderholl andeems d'Kanner d'Resultat mat hiere Féiss op engem Zuelefeld um Buedem gewisen hunn. Dat lénkst Been huet den Zehner an dat rietst den Einer duergestallt.
6) Am Kader vum Sport hu mer dobausse mam Frisbee geschoss. Deen ass net ëmmer do geland, wou et geplangt war...
7) Bei eiser Sciences-Challenge hun d'Kanner an Zweeërgruppe missen an 20 Minuten mat engem eenzgen A4 Blat a Pritt en héchsméiglecht Gebai bauen. Mir hun des Challenge dräimol gemaach an d'Entwécklung war impressionant.
8) Am Däitschen hu mer eng Geschicht geschriwwen, wou een e Schatz fënnt. Op Lëschten sin Ersatzwierder fir "gehen" a Wierder, déi eis ber der Orientéierung hëllefen. Zesummen hu mer nach déi Vokabele gesicht, déi op d'Schatzkaart passen.