Mir hunn dest Joer mat der Akrobatik am Turnen ugefaang. Grad am Ufank vum Joer ass dat e flott Thema, well géigesäitegt Vertrauen geübt gëtt. Dat fällt net ëmmer liicht... Verschidde Figure sinn einfach - heiansdo zimlech witzeg - anerer si scho méi schwiereg. Wichteg ass, ëmmer ganz genee ze wëssen, wou ech mech op engem Kolleg ofstäipe kann.
Sciences - Mir gin eraus
19. September 2022
Mir hu vum gudde Wieder profitéiert fir eng Aktivitéit dobaussen ze maachen. An Dräiergruppen haten d'Kanner e Bestëmmungsbuch. Si sollten esou vill wéi méiglech verschidde Planzen (an e puer kleng Déieren) fannen a bestëmmen. Fir déi méi schwiereg Fäll oder déi, déi net am Schoul-Bestëmmungsbuch ze fanne waren hate mer och nach méi komplett Bestëmmungsbicher dobäi. Déi nächst Woch ginn all des Impressiounen um Bookcreator verschafft...
Akrobatik - 2
12. Juli 2022
Mir hu weider gemaach mat der Akrobatik. No e puer gemeinsamen Opwiermübungen, konnten d'Kanner selwer aus Karteikäertercher eraussiche, wéi eng Figur si, aleng oder zu méi, maache wéilten. All Respekt dofir wéi respektvoll a mat Réckssicht een op deen aneren si dat gemeeschtert hunn! Bravo!
(Partner-)Akrobatik
1. Juli 2022
Am Turnen stung haut Akrobatik um Programm. Zu zwee oder zu méi sin e puer Basisübungen probéiert ginn. Mir hunn extra opgepasst, wou mer eis um Partner ofstäipen a wéi mer eis halen. Ganz wicheg ass och, dass Bescheed gesot gëtt, wann een et net méi packt.
Rocking Robots
15. Juni 2022
Haut de Mëtteg hu mer e Workshop iwwer "Rocking Robots", also Roboter, déi et rocken loossen!
D'Kanner bauen selwer schrëttweis e Roboter zesummen, deen si duerno danze loossen. Zum Schluss gëtt dann eng Roboter-Party gemaach!