logo

A Schmatten!

29. November 2017

Den 29. November ware mer op de pädagogesche Bauerenhaff "A Schmatten". Thema: Mëllech a Botter.

1 mal 1

17. Oktober 2017

Mir hunn ugefaang d'1-mal-1 ze widderhuelen, dat maache mer net just duerch "béchsen", mee och ganz konkret, hei hu mer Reien-Dännebeemercher zesumegeluecht. Ganz super: nodeems mueres eng Grupp vun dräi Kanner ugefaang hat, huet nomëttes fräiwëlleg (bal) jidferee matgemaach. Si ware ganz konzentréiert bei der Saach, och wann (oder grad well?) se vill an haart matenee geschwat hunn.

Interaktiv!

17. Oktober 2017

Jidder Grupp huet en Abschnitt iwwersat, duerno ass direkt op der grousser Tele getippt gin. Esou konnt jiddereen gesinn, wou mer dru waren. Zesummen hu mer dunn stylistesch Elementer analyséiert an eis entscheed, wat am beschte wier.

 

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.